Ënnerstëtzung fir d'franséisch Kolleegen15 Lëtzebuerger Pompjeeë sinn um Wee an d'Gironde

Christophe Hochard
Diana Hoffmann
D'Lëtzebuerger Pompjeeë bleiwen eng Woch op der Plaz. Si wäerten ënner anerem Gebaier virum Feier schützen.
15 Lëtzebuerger Pompjeeë sinn um Wee an d'Gironde
D'Lëtzebuerger Pompjeeë bleiwen eng Woch op der Plaz. Si wäerten ënner anerem Gebaier virum Feier schützen.

15 Pompjeeën aus dem Süde vu Lëtzebuerg hu sech um Donneschdegnomëtteg op de Wee a Richtung Frankräich gemaach. Zesumme mat engem Peloton aus der Moselle ënnerstëtze si hir Kolleegen an der Gironde. Fënnef Gefierer hu si dobäi. Eng 16 Stonne wäerte si fir déi 1.100 Kilometer bis dorower brauchen.

Eng Woch laang bléiwe si sur place. Si kommen aus den Zenteren Déifferdeng/Suessem, Diddeleng/Beetebuerg, Esch a Fréiseng/Réiser.

25 Pompjeeën hate sech gemellt. 15 goufen zréckbehalen.

Bei der direkter Bekämpfung vun de Bëschbränn komme si net an den Asaz. Hir Aarbecht wäert dora bestoen, Gebaier virum Feier ze schützen. Soss wäerte si ënner anerem nach bei Autosaccidenter an den Asaz kommen.

15 Lëtzebuerger Pompjeeë sinn um Wee an d'Gironde

Back to Top
CIM LOGO