Um an ëm den Iechternach Séi war d'Police e Sonndeg am fréien Owend amgaangen, nom vermëssten néng Joer ale Jong ze sichen, dee géint 15:45 Auer fir d'Lescht um Séi zu Iechternach gesi gouf. Nieft de Patrullen um Buedem war och den Helikopter vun der Police am Asaz, fir sech e Bléck vun Uewen ze verschafen. Och d'Hondsstaffel vun der Croix Rouge an d'Rettungstaucher waren am Asaz.
Vun der Police huet et kuerz no 20 Auer geheescht, datt een all Méiglechkeet, wou de Jong kéint higaange sinn, nogoe géif. Esou gëtt net just um Séi selwer nom Jong gesicht, mä och ronderëm, an Iechternach an och op der Iechternacherbréck, also der däitscher Säit, wou géint 21:15 Auer wuel och Lëtzebuerger Polizisten aktiv nom Jong gesicht hunn.
D'Sich war um Séi och nach no 21 Auer aktiv, du waren d'Fräschemänner awer nees aus dem Waasser eraus. Police a CGDIS, wéi och den Helikopter, hunn awer nach ëmmer weider nom Kand gesicht.
Um 21:49 Auer huet de Pressebüro vun der Police da matgedeelt, datt een de vermësste Jong gesond a monter erëmfonnt huet.
Um Méindeg de Moien huet d'Police op Nofro matgedeelt, dass de Jong bei Iechternacherbréck (D) fonnt gouf.
E Méindeg de Moien huet de Parquet an engem Communiqué matgedeelt, dass een den aktuellen Erkenntnisser no ausschléisse kéint, dass eng drëtt Persoun um Verschwanne vum Kand bedeelegt wier. Et ginn och keng Indicen, fir eng strofrechtlech Dot. D'Police wäert wéi virgesinn e Rapport ausschaffen an un déi zoustänneg Justizautoritéite weiderleeden.