Futtball-Championnat: BGL LigueMunneref klappt Déifferdeng, Walfer feiert éischt Victoire an der BGL Ligue

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet de Stater Racing Käerjeng 5:1 iwwerrannt. Rëmeleng konnt sech 1:0 géint Hesper behaapten.

Duerch e spéide Gol vum Hatim Far sinn déi 3 Punkten am Stade John Grün zu Munneref bliwwen. Déifferdeng goung an der 33. Minutt duerch de Rafael Pinto a Féierung. Dovun hu sech déi Munnerefer net beandrockt gewisen a konnten nach an der éischter Hallschent duerch den éischte perséinleche Gol vum Dag vum Hatim Far an dem Loris Tinelli äntweren. De Sébastien Thill huet mam tëschenzäitlechen 2:2 säin éischte Gol fir Déifferdeng markéiert, éier de Far den 3. Gol fir Munneref geschoss huet.

BGL Ligue: Munneref wënnt Optaktmatch géint Déifferdeng
Et war eng spannend Partie, bei där een och vill Goler ze gesi krut.

Däitlech konnt sech de Stater Racing géint Käerjeng behaapten. D'Ekipp vum Verluerekascht huet d'Visiteuren 5:1 iwwerrannt an de Match war schonn no 46 Minutten decidéiert. De Mann vum Dag war den Dominik Stolz mat sengen 3 Goler. Donieft haten de Sofiane Ikene an de Ronan Matuvangua fir déi Stater getraff. De Robin Moutschen hat an der 14. Minutt ausgeglach.

3 Goler huet och de Patrick Macedo bei der éischter Victoire vun Walfer an der BGL Ligue geschoss. Den decisive Gol vum Dag géint Hueschtert ass an der 85. Minutt vum Eelefmeterpunkt gefall. Déi 2 Goler vum Volkan Ballicalioglu sollten um Enn net fir en 2:2-Remis duergoen.

Rëmeleng feiert bei hirem Comeback an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball eng 1:0-Victoire géint Hesper. De gëllene Gol vum Dag huet de Calmente Pedro Mendes an der 43. Minutt geschoss. Et ass déi éischt Victoire fir déi Rëmelenger an der BGL Ligue zanter 7 Joer.

E Samschdeg war schonn den Optakt vun der neier Saison am Futtball-Championnat. Am Nordderby gouf et tëscht Wolz an Ettelbréck kee Gewënner an Nidderkuer huet de Match géint d'Jeunesse gedréint.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO