
Eng fréizäiteg Fräiloossung no 15 Joer gouf wéinst dem Ausmooss vun der Schold ausgeschloss.
De Mann gouf ënner anerem wéinst zweefachem Mord an 23 Fäll vu versichtem Mord schëlleg gesprach.
Hie war mat sengem Auto geziilt an d'Demonstrante gefuer. Dobäi sinn eng Fra an hir zwee Joer al Duechter ëm d'Liewe komm, vill weider Persoune goufen zum Deel schwéier blesséiert.
No Iwwerzeegung vum Geriicht war d''Dot reliéis motivéiert. De Verurteelte wollt aus Reaktioun op d'Lag an islamesche Länner iergendeng Mënschen an Däitschland ëmbréngen an huet d'Attack als eng Handlung am Sënn vun Allah ugesinn.
D'Verdeedegung hat op eng méi niddreg Prisongsstrof an eng psychiatresch Ënnerbréngung plädéiert a sech dobäi op eng méiglech schizophreen Erkrankung beruff. D'Geriicht ass där Argumentatioun awer net nokomm.