
Een 22 Joer ale Mann ass u senge schroe Blessure gestuerwen, nodeems hien e Méindeg am spéiden Nomëtteg bei enger Messerattack schro blesséiert gouf. Ee weidert Affer schwieft nach ëmmer a Liewensgefor, esou Police a Parquet en Dënschdeg.
Nom Virfall an der Fruchthallstraße zu Kaiserslautern gëtt elo wéinst Verdacht op Doudschlag ermëttelt. Een 18 Joer ale Mann steet ënner Verdacht an ass deemno och schonn an Untersuchungshaft.
De Beamten no geet ee vun engem Sträit aus, dee virum Virfall ausgebrach wier. Den 18 Joer ale presuméierten Täter hätt doropshin deem 22 Joer ale Mann, deen elo verstuerwen ass, e Messer an de Réck gestach. Een 20 Joer ale Mann, deen elo nach a Liewensgefor schwieft, gouf mam Messer an de Bauch gepickt.
Allen dräi Bedeelegter sinn dem Parquet no syresch Staatsbierger mat festem Wunnsëtz an der Regioun Kaiserslautern. Zum Openthaltsstatus vun den dräi Männer hunn d’Autoritéite bis ewell nach keng Informatioune ginn.