"Mäi Wee - Geschichten aus dem Liewen"Esther Arendt: "Ech wollt eng Famill, mee kee Mann"

Tim Hensgen
An der 13. Episod vu "Mäi Wee" gëtt d'Geschicht vun der Esther Arendt erzielt. Si huet d'Familljeplanung an déi eegen Hänn geholl.
"Mäi Wee" - Geschichten aus dem Liewen: Esther Arendt
An der 13. Episod vu “Mäi Wee” gëtt d’Geschicht vun der Esther Arendt erzielt. Si huet d’Familljeplanung an déi eegen Hänn geholl.

D’Esther Arendt ass ausgebilten Hiewamm an huet sech an der Entwécklungshëllef spezialiséiert. Mat 30 huet si am Niger geschafft an decidéiert, eng Famill ze grënnen. Mee ganz bewosst ouni Mann.

“Ech war do grad aus enger laanger Bezéiung eraus an hunn awer doduerch och gemierkt, du has méi Bezéiunge gehat an iergendwéi ass et dat net wierklech. Do fills de dech net wierklech wuel, du fënns dech do net dran erëm. Ech fanne mech selwer och einfach manner flott als Mënsch, wann ech an enger Bezéiung sinn.”

Eng Decisioun, déi d’Esther ni verstoppt oder bereit huet. Si huet sech kuerz viru Corona aus dem Niger fir dräi Méint a Südafrika versetze gelooss. Duerch eng Spend aus Dänemark ass si schwanger ginn.

“Ech hat mech fir Spender aus Dänemark entscheet, well ech gutt fonnt hunn, dass d’Kanner mat 18 Joer de Kontakt kënne mam Spender ophuelen. Dat ass fir si einfach besser. Et ass nach net laang all Kand, wat dat interesséiert, mee si hunn awer d’ Méiglechkeet, wa se et wëllen. An dat gëtt hinnen einfach e gewëssen Halt, datt si wëssen, ok, wann ech Froen hunn, wann ech erwuesse sinn, dann dierf ech dat och.”

De Kontakt mam Papp ass eréischt mat 18 Joer méiglech, mee dem Esther seng tëschenzäitlech zwee Kanner hunn elo schonn Accès zu Informatiounen. D’Esther geet ganz éierlech mat hirem Choix ëm an huet mëttlerweil eng Associatioun gegrënnt, fir aner Fraen an hirer Situatioun ze begleeden.

D’Esther huet iwweregens virun e puer Méint eréischt hiert zweet Kand kritt. Den CHL huet hir dorobber erméiglecht, de selwechte Spender ze benotzen. Dem Esther säi Jong a säi Meedche sinn domadder richteg Geschwëster.

Back to Top
CIM LOGO