Formel 1Verschidde Mataarbechter vu Pirelli, Mercedes a McLaren sëtzen am Bahrain fest

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Krich tëscht dem Iran an den USA/Israel stieche verschidde Mataarbechter aus dem Formel-1-Zirkus nach am Bahrain fest. Op de Start vun der Saison soll et keng Auswierkungen hunn.
De Lando Norris bei den Tester Mëtt Februar zu Bahrain. De Pilot ass vun der aktueller Situatioun am Noen Osten awer net direkt betraff.
De Lando Norris bei den Tester Mëtt Februar zu Bahrain. De Pilot ass vun der aktueller Situatioun am Noen Osten awer net direkt betraff.
© ALBERTO VIMERCATI/DPPI via AFP

U sech sollt Pirelli de Weekend nach verschidde Pneuentester um Circuit am Bahrain maachen. Ma wéinst den israeeleschen an US-Attacken op den Iran an déi iranesch Vergeltungsschléi géint béid Länner esou wéi vill US-Basen, déi am Golf verdeelt sinn, huet Pirelli decidéiert, fir d’Tester ofzebriechen. D’Situatioun wier fir hir Mataarbechter esou wéi déi vu Mercedes a McLaren ze geféierlech.

Déi fënneft Flott vun der US-Navy ass jo am Bahrain stationéiert an d’USA notzen och d’Isla Airbase, déi just 15 Kilometer vum Bahrain International Circuit ewech läit. D’Membere vun den Teams an d’Pilote hu sech awer an hiren Hoteller a Sécherheet bruecht a waarden elo d’Situatioun of. Aktuell gëtt jo spekuléiert, datt de Loftraum nees de 6. Mäerz kéint opgoen. Eng Garantie gëtt et dofir awer net.

Déi meescht Equipage sinn awer schonn ënnerwee a Richtung Australien ënnerwee, well do de Weekend den éischte Grousse Präis vum Joer gefuer gëtt. Fir Mercedes si verschidden Techniker nach op der Plaz, wéi awer och den Testpilot Frederik Vesti, dee wichteg Kilometer am “Mule Cars” soll fir Pirelli sammelen.

Iwwerhaapt huet dës Situatioun d’Formel 1 schwéier getraff, well vill Ekippen d’Golfregioun als Dréikräiz tëscht de Kontinenter an de Courssen notzen,. Wéi de Sender Channel Nine mellt, hu ronn 1.000 Flich missten eleng fir d’Formel-1-Personal ëmgebucht ginn. D’Hallschent vun hinne soll elo iwwer Europa mat dräi Charterfligeren an Australien kommen. D’Autoen an d’Material wieren awer schonn zum gréissten Deel an Australien ukomm. D’Organisateure sinn zouversiichtlech, datt de Krich am Noen Osten keng Auswierkungen op de Saisonstart vun der Formel 1 wäert hunn.

Back to Top
CIM LOGO