
Op Uerder vum Parquet goufe säin Auto wéi och seng Wunneng zu Bouneweg an der Rue du cimetière duerchsicht, woubäi d’Beamten eng net registréiert Schosswaff, eng illegal Cannabis-Plantage, Dealer-Utensilien a Falschgeld fonnt haten. D’Géigestänn goufe saiséiert, eng Unitéit vun der USP hat d’Perquisitioun ënnerstëtzt.
RTL-Informatiounen no war wärend dem Asaz och déi concernéiert Strooss zu Bouneweg gespaart. D’Perquisitioun wier an enger Wunneng duerchgeféiert ginn an där méi Familljen dra gewunnt hunn. Eng schwanger Fra hätt dobäi e Schock erlidden a misst kuerzzäiteg an d’Spidol. De Mann, no deem gesicht gouf, ass eisen Informatiounen no net festgeholl ginn.
Liest dozou dësen Artikel: