
Den Hegseth war hei kloer: D’USA hunn dëse Krich net ugefaangen, mä si wäerten en op en Enn bréngen. Op Uerder vum Donald Trump goufen déi déidlechst, komplext a preziist Loftattacken an der Geschicht duerchgefouert, esou de Krichsminister, deen och kloer gestallt huet, datt e Regime, wéi en am Iran un der Muecht war, keng nuklear Waffen dierft hunn.
Och war et op der Pressekonferenz d’Warnung u jiddereen, deen Amerikaner ëmbréngt oder menacéiert. D’USA géif dës Leit “ouni Entschëllegung an ouni ze zécken” joen. Wéi scho säi Chef léisst awer och den Hegseth sech et net huelen, seng Virgänger ze kritiséieren. Den Deal, deen den Obama mam Iran gemaach huet, war “ganz schlecht”, well de fréiere President dem aktuelle Krichsminister no sech vum Iran uléie gelooss huet, datt si keng Atombomme wéilte bauen.
Zil vum Krich wier et awer net, fir hei e Wiessel vum Regime ervirzeféieren, mä de Regime am Iran wäert en neie ginn an dat wäert d’Welt besser maachen. Och geet hien aktuell net dovun aus, datt dëst e “Krich ouni Enn” wäert ginn, “dat hei ass net den Irak”. “Mir hoffen, datt dat iranescht Vollek dës eenzegaarteg Chance wäert notzen”. Un de Sécherheetsapparat vum Iran war et den Opruff, datt si intelligent Decisioune sollen treffen. “Mir kämpfe fir ze gewannen an net fir sënnlos Zäit a Liewen ze riskéieren”.
Iwwert déi véier US-Zaldoten, déi bis ewell gefall waren, sot de Pete Hegseth, datt si déi “absolut Bescht aus Amerika” waren. Un all déi aner Zaldote war et de Message, datt dëst “d’Geleeënheet vun enger Generatioun ass, d’Rudder ëmzeräissen”.
Vum Dan Caine, dem héchste Generol an den USA, war et dann de Message, datt et wuel net déi lescht Affer op US-Säit waren. Et géif een awer alles maachen, d’Verloschter op eegener Säit esou kleng wéi méiglech ze halen. De Pete Hegseth huet dann och nach eng Kéier drop higewisen, datt Affer an engem Krich net ausbleiwen.
Vum Verdeedegungsminister war et dann och nach d’Ausso, datt hien net ausschléisse wéilt, datt US-Buedemtruppen am Iran an den Asaz kommen. Hien huet confirméiert, datt aktuell nach keng Buedemtruppen am Asaz sinn, mä datt ee sech all Optioun ophält, wat ee wéilt maachen. “Mir ginn esou wäit, wéi mer musse goen”, sot hien. Wéi schonn de President geet och de Pete Hegseth dovunner aus, datt de Krich “véier Wochen, fënnef Wochen, sechs Wochen” ka goen. “Et kann awer och eropgoen. Et kann och erofgoen”.