
Den däitsche Manfred Weber vun der CSU gesäit no engem Gespréich mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Léisung am Sträit ëm d’Zukunft vun Autoe mat Verbrennungsmotor an Europa. “Bei Neizouloossunge vun 2035 u soll elo amplaz vun 100 Prozent eng 90 prozenteg Reduktioun vum Ausstouss vun CO2 fir d’Hiersteller vun Autoe verflichtend sinn,” esou de Weber en Donneschdeg géintiwwer der Bild-Zeitung. Dës wéilt d’EU-Kommissioun an den nächste Wochen dann och als Propos virleeën.
Dem Weber no soll et dann och net zu engem méi spéiden Zäitpunkt zu enger Verschäerfung kommen, wéi zum Beispill, datt bis 2040 den Ausstouss vun CO2 ëm 100 Prozent misst erofgoen. “Domadder ass de Verbuet vun der Technologie vum Verbrennungsmotor vum Dësch,” esou den CSU-Politiker a Member vun der EVP Manfred Weber weider. Dofir mussen awer nach d’Vertrieder vun den EU-Staaten an d’Europaparlament dës Changementer unhuelen. Wann dat passéiert, wier dat e “wichtegt Signal un déi komplett Automobilbranche a séchert zéchdausende vun Aarbechtsplazen an der Industrie.”
Dat sougenannt “Verbrenner-Aus” geet op eng EU-Reegelung op d’Grenzwäerter vun den Autosflotten zeréck. Mat dëser Maximalgrenz leet d’EU fest, wéi vill Kuelendioxid (CO2) all déi nei zougelooss Autoe vum selwechten Hiersteller am Joer an der Moyenne ausstoussen dierfen. D’Maximalgrenz, déi bis ewell vun der EU festgesat gouf, géif 2035 op Null falen. Domadder wieren Autoe mat Verbrennungsmotor zwar net verbueden, well si dem aktuelle Stand vun der Technik no awer CO2 ausstoussen, missten Hiersteller, déi weiderhin esou Autoe bauen a verkafen, domadder Rechnen, Strofe bezuelen ze mussen.
De Weber huet präziséiert, datt ee mat dësem Kompromëss “eis zwee wichteg Verspriechen aléist: Mir bleiwen um Wee vun der Klimaneutralitéit. Awer mir suergen och fir eng Technologie-Neutralitéit. Dat ass e wichtegt Signal fir déi ganz Automobilbranche.”
Aus der Industrie kënnt mat Réckewand vun der Politik, ënner anerem vun däitsche Kanzler Merz, der italieenescher Ministerpresidentin Meloni an dem polnesche Premier Tusk, d’Fuerderung, fir dës Reegelen opzeweechen. D’EU-Kommissioun wollt u sech an dëser Woch déi iwwerschafft Propos vum Text iwwert d’Maximalgrenzwäerter vun de Flotte virstellen. Dëst gouf awer elo schonn op déi nächst Woch verréckelt. D’Aussoe vum Weber géintiwwer der Bild goufe bis ewell awer nach net vun der EU-Kommissioun confirméiert.