Nigerianesch LoftwaffMilitärfliger mat 32 Leit u Bord erofgefall

AFP, iwwersat vun RTL
D'Nigerian Air Force (NAF) huet matgedeelt, datt si eng Sich- a Rettungsoperatioun gestart huet, nodeems en ATR‑42‑Fliger e Méindeg erofgefall ass.
E Fliger vum Typ ATR‑42, wéi en erofgefall ass.
Eng zivil Variant vum Fliger ATR‑42.
© MATEUSZ WLODARCZYK/NurPhoto via AFP

E Fliger vun der nigerianescher Loftwaff ass e Méindeg am Süde vum Land erofgefall. U Bord waren 32 Persounen, esou d'Arméi an den nigerianesche Minister fir d'Aviatioun.

"Éischten Informatiounen no ware 25 Passagéier a 7 Crew-Memberen u Bord", esou den Aviatiounsminister Festus Keyamo op X.

D'Nigerian Air Force (NAF) huet matgedeelt, datt si eng Sich- a Rettungsoperatioun gestart huet, nodeems en ATR‑42‑Fliger an der Géigend vun Igbokoda am Bundesstaat Ondo ofgestierzt ass.

"De Fliger war op engem Routinefluch tëscht Benin City a Lagos, wéi den Accident geschitt ass", esou d'NAF.

De Fliger wier "no bei der Marinn-Basis vun Igbokoda" accidentéiert, huet de Minister ergänzt, a confirméiert, datt "de Wrack lokaliséiert gouf".

Op de soziale Medien zirkuléiert e Video, deen e grousse Grupp vu Leit weist, déi bei engem Floss stinn a kucken, wéi d'Rettungsekippen an de Booter no Iwwerliewende sichen.

Igbokoda läit an enger Regioun mat grousse Pëtrolsreserven am Süde vun Nigeria.

Back to Top
CIM LOGO