E Méindeg waren och zu Metz déi meeschte Lycéeën zou oder hunn hir Schüler just no engem Sécherheets-Check eragelooss. D'Situatioun war weider ugespaant.
Déi Jonk goufen ëmmer nees verdriwwen. Kuerz viru Mëtteg ass dann e Schüler vun der Police festgeholl ginn, wärend Residenten ëmmer nees geruff hunn, d'Beamte sollte lues maachen: "Doucement, c’est un enfant". D'Press gouf ëmmer nees fortgeschéckt, fir dass d'Festnam net sollt gefilmt ginn. An dat wier keen Eenzelfall, sot ee Schüler aus dem Lycée Fabert. "Mir hunn Angscht op d'Strooss ze goen, obwuel mir hei a Frankräich sinn, dem Land vun der Revolutioun." E Freideg hätt hie Schléi vun der Police ofkritt, well hien eng Matschülerin schütze wollt. Och onbedeelegt Leit hätten Tréinegas ofkritt, hunn eng Rei Schüler hei zu Metz gesot. "Wéi soll een do friddlech bleiwen?", huet e jonke Schüler gefrot.
Et hätt ee souguer Angscht op d'Strooss ze goen, dat dierft net sinn, sot de jonke Schüler nach. Dass verschidde Schüler aggressiv sinn, Poubellen ufänken oder souguer hir Lycéeën a Brand setzen, dat fannen déi meescht, mat deene mir geschwat hunn, awer net an der Rei. Eng gewësse Roserei ass awer ze spieren. "Op eis gëtt net gelauschtert, bis eppes brennt", war zu Metz den Tenor. Eng Schülerin erzielt, dass et fir verschidde Radiosender Interviewe ginn huet. Elo wier d'Stëmm vun deene Jonke wéinstens ze héieren, dat wier gutt, esou d'Schülerin.
Dass d'Fuerderunge méi eescht sollte geholl ginn, hunn zu Metz och Passante fonnt. E Mann, Mëtt Siechzeg, huet de Schülerinnen a Schüler Recht ginn, well de Budget fir d'Educatioun op nationalem Niveau nach weider soll gestrach ginn. Och eng eeler Damm seet, dass Manifestéiere wichteg wier. Mee ouni eppes futti ze maachen, betount si.
Vun enger ganzer Rei Jonken huet et zu Metz geheescht, et wier ee géint d'Gewalt, mee awer och géint d'Police a géint d'Regierung. Op der Place du Roi Georges zu Metz ass e Méindeg am Nomëtteg nees eng Poubelle ugefaange ginn. Wéi et schéngt, soll dat awer vu Leit ausgaange sinn, déi volljäreg sinn, an näischt direkt mat de Schülerprotester ze dinn hunn. Dem Republicain Lorrain no wieren eleng um Méindeg eng gutt Dose Leit zu Metz festgeholl ginn.
Besonnesch rosen hu sech déi Jonk awer gewisen, well op nationalem Niveau keng adequat Reaktioun kënnt. Ee Schüler sot an de Mikro, dass et kee Wäert hätt, mat de Proffen, der Direktioun oder dem Buergermeeschter ze schwätzen, fir d'Situatioun ze verbesseren. Vue dass de Budget op nationalem Niveau verdeelt gëtt, misst sech elo de President "beweegen".
Fir en Dënschdeg hunn dann och Eltere vu Schülerinnen a Schüler schonn ugekënnegt, mat ze demonstréieren. Personalmanktem, ze grouss Klassen a vill Inegalitéiten tëscht de Quartieren, dat wiere keng rezent Problemer, huet et zum Beispill vun engem Spriecher vun der Elterevertriedung vu Jarny geheescht. Et wier elo un der Zäit, dës Fuerderungen och eescht ze huelen.