Schülerprotester a FrankräichKee Cours a gutt 400 Schoulen, Schüler verléiert Hand duerch Police-Granat

AFP
A Frankräich ass a gutt 400 Schoulen e Méindeg de Cours ausgefall. Bei de Protester ginn ëmmer nees Schüler duerch Poliziste festgeholl oder blesséiert.
Aus Sorge vor neuen Ausschreitungen ist in gut 400 Schulen in Frankreich am Montag erneut der Unterricht ausgefallen. Auch 30 bis 40 Hochschulen beteiligten sich nach Regierungsangaben an der Protestbewegung.
Zwou Dose Schoule goufen zanter dem Ufank vun de Protester staark beschiedegt oder a Brand gesat.
© AFP

Wéinst der Suerg virun neien Ausschreidunge sinn a gutt 400 Schoulen a Frankräich e Méindeg d'Coursen ausgefall. Och 30 bis 40 Héichschoulen hu sech der Regierung no un der Protestbeweegung bedeelegt, déi an de leschte Wochen e bis elo nach onbekannt Ausmooss u Gewalt erreecht huet. D'Mënscherechtsliga huet e Méindeg mat Bléck op den Asaz vun de Sécherheetskräften eng "wäitgoend Distanzéierung vum Rechtsstaat" ugeprangert.

Den Héichschoulminister Philippe Baptiste huet virun enger landeswäiter Auswäitung vun der Protestbeweegung op d'Universitéite gewarnt. "Dat ass ze fäerten", sot hien e Méindeg dem Sender Radio Sud. Bis elo wier et op den Unien, anescht wéi an de Schoulen, nach net zu Gewaltdote komm. "Wat mir zanter enger Woch gesinn ass beonrouegend a schrecklech", sot hien.

Ermëttlunge géint Polizisten a Schüler

D'Gewaltdote vu leschter Woch zéien donieft strofrechtlech Suitten no sech. Bei der Police lafen intern Ermëttlungen a fënnef Fäll. Een dovu betrëfft d'Verletzung vun engem 16 Joer ale Schüler dee säin A verluer huet. D'Blessur kënnt vermuttlech vun engem Haartgummigeschoss vun der Police, heescht et vum Parquet. D'Famill vum Jugendlechen huet eng Plainte gemaach.

Zu engem weideren Tëschefall mat engem Blesséierten ass et e Méindeg komm, wou ee 15 Joer ale Schüler seng Hand verluer huet, wéi hien eng Granat opgeraf huet, déi vun der Police geschoss gouf. D'Waff wier dann a senger Hand explodéiert.

Op där anerer Säit ermëttelt de Parquet och géint zwee Jugendlecher am Alter vu 15 a 17 Joer, déi ee Polizist op de Buedem geheit an dësem mam Fouss an de Kapp geschloen hunn. Den Eeleren huet sengersäits eng Plainte géint de Polizist gemaach an em reprochéiert, hien hätt e bei enger versichter Festnam an enger Baach säi Kapp ënner Waasser gehalen.

Zu Marseille gouf dann e 15 Joer ale Jong festgeholl, well en enger Passantin eng brennend Substanz an d'Gesiicht gesprayt hat. an zu La Ciotat gouf ee 16 Joer ale Jong festgeholl, well en e Proff mat Bensinn iwwerschott hat.

Ënnerstëtzung fir Protester vu Gewerkschaften an deels der Politik

Déi lénkspopulistesch Fraktiounscheffin Mathulde Panot huet der Regierung reprochéiert, datt bannent zéng Joer 10.000 Proffeplaze gestrach goufen. Donieft géifen zéng Prozent vun de Stonnen ausfalen, well Proffen, déi gefeelt hunn, net ersat goufen.

De Premier Sébastien Lecornu hat de Weekend fënnef Ministère beoptraagt, no Léisungen ze sichen. En decidéierten Ëmgank misst duerch "d'Unhéiere vu berechtegten Uleien" geschéien, huet hie mat Bléck op Kritik un der Haltung vun der Regierung geäussert, déi vun Ufank un op d'Repressioun vun der Schülerbeweegung gesat huet.

An der leschter Woch waren am Ganze 5.000 Mënsche festgeholl ginn, dovu 85 Prozent Mannerjäreger. Zwou Dose Schoule goufe staark beschiedegt oder a Brand gesat. Iwwerdeems goufen 78 Leit, déi an der Schoul schaffen, blesséiert, an de meeschte Fäll net vu Schüler vun der betraffener Schoul.

Fir en Dënschdeg hu vill Organisatiounen zu engem weidere grousse Protestdag opgeruff. "D'CGT wäert do sinn, fir d'Schülerinnen a Schüler ze schützen. Mir sinn entsat iwwert déi beispilllos Repressioun duerch d'Regierung", sot d'Gewerkschaftschefin Sophie Binet e Méindeg. Och déi sozialistesch Partei huet dozou opgeruff, d'Schülerprotester ze ënnerstëtzen.

Ausléiser vun den Onroue Mëtt September war eng Schoul am Paräisser Viruert, an där Personal gefeelt huet. Landeswäit ware fir d'Rentrée 2025/26 gutt 2.000 Proffeplazen net besat. D'Schüler fuerdere méi Proffen, méi kuerz Schouldeeg, manner Schüler an de Klasse souwéi Klimaanlagen an Heizungen. D'Roserei ass besonnesch grouss a sozial benodeelegten Uertschaften, well d'Schoulen do besonnesch schlecht ekipéiert sinn.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO