Corona-ProtesterNees Affrontementer an Holland, Situatioun an Éisträich riskéiert z'eskaléieren

RTL Lëtzebuerg
An Holland ass et op en Neits zu Ausernanersetzunge bei enger Demonstratioun géint d'Coronamesurë komm.

No Rotterdam konnten e Samschdeg den Owend d’Bierger vun Den Haag erliewen, wéi sech Frustratioun a Roserei a Gewalt transforméiert. Honnerte Mënschen hunn Vëloen a Brand gestach, mat Steng a Knupperten op Policebeamte geworf a Verkéiersschëlder zerstéiert.

Fënnef Beamte goufen dobäi blesséiert. Eng ganz Partie Leit goufe festgeholl.

D’Forces de l’ordre hunn d’Casseure mat Waasserwerfer gebremst, ware mat Hënn an deels och op Päerd ënnerwee, fir nees Rou an d’Stroossen ze brénge. Eleng zu Den Haag goufen 19 Persoune festgeholl. Am ganze Land goufen wäit iwwer 30 Leit vun der Police gepëtzt.

D’Situatioun zu Den Haag - Rep. Julie Mathes

D’Protester zu Amsterdam sinn dogéint friddlech verlaf. E Freideg den Owend koum et jo zu Rotterdam zu brutalen Affrontementer, bei deene 7 Mënsche blesséiert goufen, 3 dovunner méi uerg, duerch Kugelen. De Buergermeeschter huet betount, datt d’Poliziste gezwonge gewiescht wieren, op Leit ze schéissen. Iwwer 50 Persoune goufe festgeholl.

Protester och an anere Stied

Korrespondenz: Haarde Lockdown an Eisträich vum Anja Gorge

Zu Bréissel hunn de Sonndeg eng 35.000 Leit Ugangs friddlech protestéiert. Um Bord vun der Manifestatioun koum et dann awer och zu Gewalt. Änlech Maniffen gouf et och an Dänemark an a Schweden.

Zu Wien sinn e Samschdeg 35.000 Mënschen op d’Stroosse gaangen, fir géint d’Coronamesuren ze demonstréieren. Ënnert den Demonstrante waren och Rietsextremer. Wéinst den héijen Infektiounszuele gëllt an Éisträich vun e Méindeg un e landeswäite Lockdown. Am Februar gëtt donieft eng allgemeng Corona-Impfflicht agefouert.

Den éisträicheschen Inneminister Karl Nehammer warnt virun enger weiderer Radikaliséierung vun de Corona-Géigner. Als konkret Beispill nennt hien e geplangte Branduschlag op e Policeauto zu Linz. Déi presuméiert Täter hunn zouginn, dass si d’Polizisten, déi si kuerz virdrun kontrolléiert haten, hätte wëllen ëmbréngen. Dëst géif eng Ausmooss unhuelen, déi net méi z’acceptéiere wier, sou nach de Karl Nehammer. Et hätt och Mordmenace géint de Kanzler an de Gesondheetsminister ginn.

Am kroatesche Zagreb waren et e puer Dausend Leit. Zu Kopenhagen an Dänemark waren et der knapp Dausend an am schwedeschen Stockholm just e puer Honnert.

Frankräich huet e Sonndeg Zaldoten aus der Spezialunitéit op Guadeloupe geschéckt. An engem vun hire karibeschen „Territoires Outre-Mer“ koum et nämlech, trotz enger Ausgangsspär tëscht 18 a 5 Auer, nees zu enger Maniff géint de Gesondheetspass a géint eng obligatoresch Impfung fir d’Santéspersonal. Dobäi gläichen d’Zeenen, déi sech op der idyllescher Insel ofspillen éischter engem Biergerkrich. Blockéiert Stroossen, Autoen an Gebaier déi a Brand gestach ginn, Butteker déi komplett geplëmmt ginn a souguer de Versuch, fir a verschidde Militärkasären a Gebaier vun der Gendarmerie eranzekommen. Op der ganzer Insel waren d’Schoulen dofir e Freideg och zou bliwwen an all déi sportlech a kulturell Evenementer goufen fir dëse Weekend ofgesot.

Éisträich: Zéngdausende Mënschen hu géint de Corona-Lockdown an Impfungen demonstréiert
Holand: 7 Blesséierter bei Zesummestéiss mat der Police zu Rotterdam

Back to Top
CIM LOGO