
Och wann d’Pandemie nach net eriwwer ass, schwätzen a Spuenien souwuel d’Regierung ewéi och d’Medie vun enger “neier Normalitéit”, déi der “aler Normalitéit” awer ëmmer méi gläicht.
Zënter dem leschte Samschdeg brauch een och a Spuenien op der Strooss keng Mask méi unzedoen. Et war dës eng Mesure, déi verschidde Regioune scho méi laang vun der Zentralregierung gefuerdert haten. Déi meescht aner Restriktioune sinn zwar Regionalkompetenz an ënnerscheede sech sou vu Géigend zu Géigend, mee och hei gëllt allgemeng, datt d’Mesuren ëmmer méi labber gi sinn. Fir Restauranten a Bare ginn et nëmmen nach wéineg Virschrëften an och Discoen konnten hir Dieren antëscht erëm opmaachen, wann och offiziell mat enger strenger Maskeflicht an ouni Danzpist.
Och déi éischt Concerten a Foirë ginn elo erëm organiséiert, wann och mat Aschränkungen an obligatoresche Schnelltester virun der Entrée. Futtballsupporteren dierft freeën, datt mam Ufank vun der neier Saison Mëtt August nees Leit an d’Stadien dierfen. Fir eng Iwwerraschung huet och gesuergt, datt de Gesondheetsministère gréng Luucht fir eng Kapazitéit vun 100% an de Stadie ginn huet. Déi eenzel Regionalregierunge wäerten hei awer dat lescht Wuert däerfen hunn.
Och d’Arees a Spuenien ass elo méi einfach. Nieft dem QR-Code vum Covid-Zertifikat brauch ee just nach en Antigentest oder eben en Impfpass, wann een da scho komplett geimpft ass.
Allgemeng lafen d’Impfungen a Spuenien op Héichtouren. Knapp 18 Millioune Leit sinn elo ganz geimpft, dat sinn eng ronn 38% vun der Bevëlkerung. Bis Enn August wëll ee bei 70% ukomm sinn.
Suerge mécht den Experten awer eng rezent Hausse bei de Corona-Infektiounen. Den Inzidenz-Taux läit den Ament bei ronn 120 op 2 Woche gekuckt a sou ass Spuenien och op der europäescher Kaart vun der ECDC elo, am Géigesaz zu sengen Nopeschlänner, ganz rout a giel. Déi meescht Fäll gi bei jonke Leit, déi nach net geimpft sinn, festgestallt. Fir vill Kapprëselen haten och Zeene vu grousse Mënschemassen an de Stroosse vu Barcelona a Madrid gesuergt. Nom Enn vum Couvre-Feu hate sech dausende Leit, dorënner och vill Touristen, nuets versammelt, fir ze drénken an ze feieren.
