Als Favorit gëllt de Zohran MamdaniNew York wielt en Dënschdeg en neie Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
De Mamdani, e 34 Joer alen Demokrat, bezeechent sech selwer als Sozialist.
© Photo by ANGELA WEISS / AFP

Sollt hie wannen, wär hien den éischte muslimesche Buergermeeschter an der Geschicht vun der US-Metropol. No engem Korruptiounsskandal kandidéiert den aktuelle Buergermeeschter Eric Adams net méi.
De Republikaner Trump ass net frou mam Zohran Mamdani - et wier, senge Wierder no, e “verréckte Kommunist”, sou den US-President.

Den Donald Trump huet dann och gedreet, déi finanziell Hëllefe fir New York op de Minimum ze reduzéieren, wann de Mamdani wënnt.

Back to Top
CIM LOGO