
Et ass vum US-amerikanesche Supreme Court ënnersot ginn, dass op d'Haaptgebai vum John F. Kennedy Center Center for the Performing Arts zu Washington den Zousaz "Renovéierung, Restauréierung a Stëftung ënner Opsiicht vum President Donald J. Trump an dem Trump Kennedy Center Fund" dropstoe kënnt. "Oder fir et einfach ze soen: Et ass ouni Accord vum Kongress der Defense net erlaabt, eng Referenz op den Donald Trump z'installéieren", sou de Riichter Christopher Cooper a senger Decisioun.
Am Dezember 2025 hat den Trump baussen op der imposanter Gebailechkeet säin Numm iwwert deem vum John F. Kennedy ubrénge gelooss. Kuerz nom Ufank vu senger zweeter Amtszäit hat hien en neie Verwaltungsrot asetze gelooss an d'Féierung vum Kulturhaus iwwerholl, dat dréngend renovéiert misst ginn. D'Aarbechten haten ugefaangen, goufen dunn awer ënnerbrach, wéi Enn Mee e Geriicht decidéiert hat, dass den Numm rëm erof muss vun der Fassad. Zanterhier stiechen d'Renovatiounen an der Sakgaass an dem Haus géing d'Geld ausgoen, sou dass der Washington Post no souguer eng Faillite am Raum géing stoen. Eenzegen Auswee: Geld vum Trump, deen dofir entspriechend gewierdegt wéilt ginn.
Zanter datt de Kennedy Center ënnert senger Féierung ass, schwätzen Observateure vun enger Bün fir de Kulturkampf a well iwwert de Campus eng Aart "Maga-Wand" géing blosen, géifen eng ganz Rei Gruppen an Artisten net méi wëllen am Center optrieden. Dass kaum nach Geld an de Keesen ass, géing och doru leien, dass Ticketsverkeef a Spenden zréckgaange sinn, zanter datt de President säin Numm op d'Mauer hat schreiwe loossen. D'Regierung dreet iwwerdeems, de Komplex géing weider verfalen oder misst souguer ofgerappt ginn, wann d'Hëllef vum President net géing ugeholl ginn.

Kritiker schwätze bei dësem Fall vun der "Definitioun vum Wansinn". Et wier den drëtte Versuch gewiescht, dat hellegt Denkmal ze veronstalten an et zu engem Prestigeobjet fir den Ego vun engem eenzele Mann ze verwandelen, sou Affekoten, déi fir eng demokratesch Deputéiert schaffen. Den Trump géing den Center praktesch als Geisel huelen an domat dreeën, en ze zerstéieren, sollt hien net säi Wëlle kréien. Viru Kuerzem sinn Deeler vun engem Plaffong erofgefall - e weidere Grond, dass d'Kulturhaus zougemaach a mat Gelder vum President misst renovéiert ginn, sou de Vizepresident vun de Public Relations op de Soziale Medien.
D'Decisioun iwwert eng méiglech Fermeture, well kee Geld méi do ass, huet den Donald Trump de Responsabele vum Haus am Laf vum Dënschdeg den Owend ofgeholl an annoncéiert, de Center géing elo definitiv zougemaach ginn, fir dass renovéiert kéint ginn. Allerdéngs ënnert der Konditioun, datt säin Numm rëm un d'Fassad stoe kënnt. Anerefalls wier keng Renovatioun dran. Iwwerdeems hätt hie 17 Milliounen Dollar Spende gesammelt, fir déi aktuell Schiflag an de Finanzen auszegläichen.