
Bei engem Bootsongléck virun de Kanareschen Inselen sinn op d'mannst 14 Mënschen ëm d'Liewe komm, heescht et vun offizieller Säit a Spuenien.
D'Boot mat Migranten u Bord ass e Freideg eng 70 Kilometer virun de Kanaren a Séinout geroden. Ugangs goung rieds vun 8 bis 10 Doudegen.
84 Persoune, dorënner ee Mannerjäregen, si vu spuenesche Secouriste gerett ginn. 6 weider Persoune koumen an engem kriteschen Zoustand an d'Spidol.