Oniwwersiichtlech LagOp d'mannst 60 Doudesaffer bei Explosioun virum Fluchhafen zu Kabul

RTL Lëtzebuerg
D'Geheimdéngschter vu verschiddene Länner hate virun Attacke gewarnt. En Donneschdeg de Mëtteg ass et zu zwou Stéck komm.
© Wakil Kohsar / AFP

Virum Fluchhafen an der afghanescher Haaptstad Kabul ass et en Donneschdeg de Mëtteg (eiser Zäit) zu enger éischter Explosioun komm, eng zweet huet de Pentagon kuerz drop an der Géigend vum Baron Hotel confirméiert, net wäit ewech vum Abbey Gate. Wéi déi tierkesch Noriichtenagence Anadolu mellt, wier et wuel och nach zu enger drëtter Explosioun komm.

D’US-Regierung huet en Donneschdeg den Owend matgedeelt, datt bei der Attack virum Fluchhafen zu Kabul 12 amerikanesch Zaldoten ëm d’Liewe komm sinn. Dat huet de Pentagon en Donneschdeg matgedeelt, an der Nuecht op e Freideg koum d’Confirmatioun vun engem weideren Affer ënnert den US-Zaldote. 13 US-Zalote wiere blesséiert ginn, och eng Partie Afghane wieren der Attack zum Affer gefall.

International Medie mellen, dass op d’mannst 60 Leit ëm d’Liewe komm sinn a ronn 140 blesséiert goufen. En Taliban-Spriecher huet vun op d’mannst 13 Doudesaffer geschwat, dorënner och Kanner. Méi spéit hunn d’Taliban matgedeelt, datt op d’mannst 52 Persoune blesséiert gi wieren.

An d’Spidol an der afghanescher Haaptstad sollen ëm 60 Blesséierter ageliwwert gi sinn. Dat huet d’Net-Regierungsorganisatioun Emergency getwittert. 6 Mënsche wiere schonn dout gewiescht, wéi si an d’Klinik transportéiert goufen.

RTL-News: IS bekennt sech zu Kabul-Attentat - US-President Biden huet Revanche annoncéiert Aenzeie rapportéiere géintiwwer Medien, datt en Attentäter sech matten an der Mënschemass an d’Luucht gesprengt hätt. Schonn zënter e Mëttwoch warne westlech Staate virun enger Terrorattack. Potenziell Kamikaze-Attentäter wiere ronderëm de Fluchhafen ënnerwee. Eng lokal Branche vum IS géing zënter Deeg versichen, de Fluchhafen z’attackéieren.

Zwou Explosiounen zu Kabul / Rep. Pit Everling

En Donneschdeg war och rieds, datt op e Fliger geschoss gi wier. Concernéiert war en italienesche Militärfliger mat 100 afghaneschen Zivilisten u Bord. Den italienesche Geheimdéngscht huet awer wësse gedoen, datt d’Schëss net dem Fliger gegollt hunn, mä datt geschoss gouf, fir d’Mënschemass auseneen ze kréien.

De russeschen Autoritéiten no sinn an de leschten Deeg eng 50 Zivilisten am Gedrécks um Fluchhafen ëmkomm. Dausende Leit waarden nach ëmmer op eng Evakuéierung. Ma eng ganz Partie Länner briechen hir Rettungsmissioune lo of.

Oniwwersiichtlech Lag zu Kabul (Stand 26.08.2021 19 Auer)

Doudesaffer bei Explosioun virum Fluchhafen zu Kabul
D’Geheimdéngschter vu verschiddene Länner hate virun Attacke gewarnt. En Donneschdeg de Mëtteg ass et zu zwou Stéck komm.

Back to Top
CIM LOGO