Nëmme Kreml-frëndlech Parteien zougeloossPartei vum Putin wënnt wéi erwaart d'Parlamentswalen a Russland

Monica Camposeo
Staatlechen Héichrechnungen no géing d'Partei op gutt 49 Prozent vun de Stëmme kommen.
Membere vun enger lokaler Walkommissioun ziele Stëmme bei de russesche Parlamentswalen zu Donezk, an der vu Russland kontrolléierter Ukrain.
Membere vun enger lokaler Walkommissioun ziele Stëmme bei de russesche Parlamentswalen zu Donezk, an der vu Russland kontrolléierter Ukrain.
© STRINGER/AFP

Dem Putin seng Partei "Gëeenegt Russland" gewënnt wéi erwaart d'Parlamentswalen a Russland. Staatlechen Héichrechnungen no géing d'Partei op gutt 49 Prozent kommen.

"Gëeenegt Russland" huet zanter 2003 all d'Parlamentswalen gewonnen. Nieft dem Putin senger Partei ware just aner Kreml-trei Parteien zur Wal zougelooss.

Eréischt de leschte Mount gouf d'Anti-Krichspartei Jabloko vun de Walen ausgeschloss. Dat heite war elo déi éischte Kéier, dass d'Biergerinnen a Bierger a Russland nom Ugrëffskrich op d'Ukrain hir Stëmm konnten ofginn. E Krich, deen och ëmmer méi Auswierkungen op déi russesch Zivilgesellschaft huet.

Back to Top
CIM LOGO