
D'Police huet de Protestcamp, deen zanter Enn September zu Madrid wéinst der Wunnengsnout a Spuenien erriicht gi war, geraumt. 334 Mënschen hätten déi zentral Plaz Puerta del Sol verlooss, heescht et vun der Vertriedung vun der spuenescher Regierung um Dënschdegmoien. Et hätt zwou Festname ginn an den Asaz wier ouni Tëschefäll oder Gewalt op en Enn bruecht ginn.
D'Organisateure vum Protestcamp schwätzen dogéint vun engem "gewaltsame Policeasaz". Eng Rei Mënschen hätten duerch Schléi oder den Asaz vun Tréinegas Blessuren erlidden, hu si op Telegram erkläert.
D'Raume vum Lager ass an der Nuecht op en Dënschdeg geschitt. En Dënschdeg de Moie war d'Plaz Puerta del Sol ofgespaart an et waren Opraumaarbechten amgaangen, wéi AFP-Journaliste vun der Plaz gemellt hunn.
D'Zeltlager am Zentrum vun der spuenescher Haaptstad war de 26. September no enger Groussdemonstratioun mat zéngdausende Participanten erriicht ginn. D'Protester waren duerch d'Zwangsraimung vun der Wunneng vun der 87 Joer aler Maricarmen Abascal ausgeléist ginn. D'Pensionärin, déi zanter méi wéi siwe Joerzéngten an hirer Wunneng zu Madrid gelieft hat, huet duerno missen am Spidol behandelt ginn, éier si Ufank Oktober gestuerwen ass.
D'Wunnengskris ass zanter Joren ee vun de relevantste soziale Probleemer a Spuenien. De Sträit ëm d'Moossnamen fir e méi grousse Schutz vun de Locatairen, déi d'Regierung proposéiert hat, huet dozou gefouert, datt de Ministerpresident Pedro Sanchez Neiwale fir den 29. November ausgeruff hat.