An ukrainescher Uertschaft26 Doudeger bei russeschen Attacke wärend Verdeelung vun humanitärer Hëllef

RTL mat AFP
Wéi den ukrainesche President Selenskyj matgedeelt huet, wier bei de russeschen Attacken eng Schoul uviséiert ginn, déi fir humanitär Zwecker genotzt gëtt.
Bei russischen Angriffen auf ein Dorf im Südosten der Ukraine sind örtlichen Behörden zufolge mindestens 26 Menschen getötet worden. Wolodymyr Selenskyj erklärte, die Angriffe hätten auf eine Schule abgezielt, die zu "humanitären Zwecken" genutzt worden sei.
Russland huet ukraineschen Aussoen no eng Schoul uviséiert, déi fir humanitär Zwecker genotzt gouf.
© UKRAINIAN EMERGENCY SERVICE/AFP

Bei russeschen Attacken op en Duerf am Südoste vun der Ukrain si lokalen Autoritéiten no op d'mannst 26 Mënschen ëmbruecht ginn. Zu Komyschuwacha an der Regioun Saporischschja wier et an der Nuecht op en Dënschdeg direkt eng Rei russesch Attacke ginn, huet de Gouverneur Mychailo Semikin op Telegram matgedeelt. De President Wolodymyr Selenskyj huet erkläert, d'Attacken hätten eng Schoul uviséiert, déi zu "humanitären Zwecker" genotzt gi wier.

D'Duerf an der Regioun Saporischschja wier ëmmer nees mat Bomme getraff ginn, heescht et vum Selenskyj weider op den Onlinedéngschter. "Mënschen hunn do humanitär Hëllef krut". All Méindeg wieren do Hëllefsgidder ausgi ginn an d'Russen hätte genee an deem Moment attackéiert, wéi déi éischt Mënschen ukomm waren.

En zweete Loftugrëff hätt dann e Schutzraum viséiert, an deem sech Mënschen a Sécherheet bruecht hätten, huet den ukrainesche President nach gesot. Vun den ukrainesche Rettungsdéngschter goufe Biller verëffentlecht, déi d'Zerstéierung vum betraffene Gebai weisen. Ënnert den Doudege sinn dem Gouverneur Semikin no "ee Policebeamten an zwee Sanitäter vum staatleche Rettungsdéngscht.

Knapp 500 Dronen a Richtung Moskau

An der Nuecht op en Dënschdeg huet d'Ukrain russeschen Aussoen no dann och knapp 500 Dronen a Richtung Moskau lancéiert, vun deenen de Gros aus der Distanz konnten ofgeschoss ginn, heescht et vum Kreml. 187 dovu sollen duerno och ofgewiert gi sinn, wéi se "Moskau méi no komm sinn", heescht et vum Moskauer Buergermeeschter Sergej Sobjanin op Telegram.

Back to Top
CIM LOGO