
De Parquet vum mexikanesche Bundesstaat Baja California huet AFP géigeniwwer matgedeelt, datt de Lagerraum vum Papp vum Meghan Markle gelount gouf an elo no Biller vu Kannermëssbrauch duerchsicht gëtt. D'Perquisitioun war no engem anonymmen Hiweis gemaach ginn.
Den Enquêteuren no hat de Proprietär vum Lagerraum gemellt, datt den 82 Joer alen Thomas Markle zanter 2024 kee Loyer méi bezuelt hätt. Seng perséinlech Géigestänn wieren awer weiderhin am Raum gewiescht.
D'Autoritéiten hu matgedeelt, datt een 20 Joer al "Zäitschrëften aus Asien" fonnt hätt. Weider Detailer goufe keng genannt. Ausserdeem wier och Computerausrëschtung fir weider Ënnersichunge saiséiert.
Enn Oktober hate brittesch Zeitungen, dorënner d'"Sun" gemellt, datt am Markle sengem fréieren Haus op de Philippinnen Opname vu Kannermëssbrauch fonnt gi wieren. Dem Markle säi Fils Thomas Jr. wier op d'Biller gestouss, wéi hien am Haus Këschten duerchsicht hat.
D'Meghan Markle hat sech schockéiert iwwer d'Reprochë géint hire Papp geäussert. Gläichzäiteg huet si zouginn, datt si zanter Jore vum Verdacht wéisst. Déi 45 Joer al US-Actrice wier "zedéifst verstéiert" iwwer d'Virwërf, déi brittesch Medien ëffentlech gemaach haten. Wéi si 2018 vun den Uschëllegunge gewuer gi war, hätt si de Kontakt tëscht hirem Papp an hire Kanner verhënnert.
Der Meghan Markle hiren 82 Joer ale Papp hat zu Cebu op de Philippinne gelieft, ier en Uganks vum Joer nees zeréck an d'USA komm ass. En huet d'Uschëllegunge géint hien an engem Interview mat der "Daily Mail" als e "Koup Liggen" zeréckgewisen.
De brittesche Prënz Harry a seng Fra Meghan waren Enn August no enger Absence vu sechs Joer mat hiren zwee Kanner iwwerraschend aus den USA zeréck a Groussbritannien geplënnert. D'Koppel hat sech Ufank 2020 no Streidegkeete mat der Kinneklecher Famill vun hire royale Flichten zeréckgezunn.