
Dat huet zu enger Verbesserung vun der Lag bäigedroen, sou de Stathis Koulis, Buergermeeschter vun Gortynia, enger besonnesch schlëmm betraffener Gemeng um Peloponnes. Ronderëm d’Biergduerf an der Regioun Arkadien friessen d’Flame sech nämlech duerch schwéier zougänglech Terrainen, dowéinst ass et schwéier, de Brand op der Hallefinsel ze läschen.
No enger deeglaanger Hëtztwell mat Rekordtemperature vun iwwer 40 Grad huet och d’Hëtzt e wéineg nogelooss. Fir en Donneschdeg ginn a Griicheland just nach Temperature vu bis zu 33 Grad virausgesot.
Engem Spriecher vun de griichesche Pompjeeën no kämpfen op Euböa an um Peloponnes awer nach ëmmer honnerte Secouristen an Awunner géint e puer aktiv Bränn, an Aspropyrgos, westlech vun Athen, ass zudeem en neie Bëschbrand gemellt ginn.
Am Ganze sinn 680 Pompjeeën, dorënner och Secouristen aus dem Ausland, am Asaz. Duerch d’Flame sinn a Griicheland schonn dräi Mënschen ëm d’Liewe komm, Honnerten hunn hir Haiser verluer. Eleng an de leschten Deeg hu misse ronn 20 Dierfer evakuéiert ginn.
An Italien goufen et an der Nuecht iwwerdeems 528 Pompjeesasätz, wéi d’Autoritéiten en Donneschdeg matgedeelt hunn. Eleng op Sizilien wieren d’Pompjeeën 230 Mol ausgeréckt, mëttlerweil wier d’Situatioun op der Insel awer “ënner Kontroll”.
Am Süde vun Italien ginn et wärend der Hëtztwell schonn zanter méi wéi enger Woch schwéier Bëschbränn. Wéi italienesch Medie beriicht hunn, si mëttlerweil véier Mënschen duerch d’Feier ëm d’Liewe komm.
Op Sizilien sinn iwwerdeems, no Informatioune vun de regionalen Autoritéiten, Temperature vun 48,8 Grad gemooss ginn, wat en neie Rekord fir Italien a wuel och fir Europa wier. Méi Detailer dozou fannt Dir hei.
Dat subtropescht Héich “Lucifer”, dat d’Hëtztwell verursaacht, soll nach e puer Deeg unhalen. No de Previsioune soll “Lucifer” an de kommenden Deeg Richtung Norden zéien an um Weekend der Toskana an der Regioun Latium am Zentrum vun Italien Temperature vun ëm déi 40 Grad bréngen.
Bei de schwéieren Iwwerschwemmungen am Norde vun der Tierkei si mëttlerweil op d’mannst fënnef Mënsche gestuerwen. D’Sich no engem weidere Vermëssten an der Stad Bartin wier nach amgaangen, huet de Katastropheschutzministère en Donneschdeg informéiert.
Iwwer 1.000 Secouriste verdeelen an de betraffene Regiounen Liewensmëttel a méi wéi 5.000 Plazen a Studentewunnenge si bereetgestallt ginn, fir déi dausende Mënschen ënnerzebréngen, déi hir Haiser wéinst den Iwwerschwemmungen hu misse verloossen.
Déi hefteg Reefäll am Norde vun der Tierkei hunn direkt no de schwéiere Bränn un der Mëttelmierküst agesat, bei deenen zanter Enn Juli aacht Mënschen ëm d’Liewe komm sinn.
Zanter en Dënschdeg stinn Deeler vun de Provënze Kastamonu, Bartin a Sinop ënner Waasser. Videoe weisen, wéi d’Waasser an e puer Stied bis op d’Héicht vu Stroosseschëlder geklommen ass a wéi Stroossen zu räissende Flëss gi sinn.
Réischt am leschte Mount si sechs Mënsche bei Iwwerschwemmungen an der Provënz Rize gestuerwen. An de Schwaarzmier-Regiounen an der Tierkei kënnt et an de Summerméint dacks zu heftege Nidderschléi, déi Héichwaasser ausléisen.