
D’Ekipp ëm de Paul Harrison vum Department of Psychiatry op der Universitéit Oxford an der Maxime Taquet vun der Oxford Health NHS Foundation hunn d’Optriede vu Sinusvenenthrombosen (CVT) 2 Wochen no enger Covid-Diagnos ënnersicht, no enger Influenza-Erkrankung oder nach no enger 1. Dosis mat engem mRNA-Vaccin (Biontech oder Moderna). Als Vergläichswäert hu si den CVT-Inzidenzwäert vun der Allgemengbevëlkerung benotzt.
D’CVT-Inzidenz louch bei iwwer 500.000 Patienten no enger Covid-19-Diagnos bei 39,0 pro Millioun an domat méi héich wéi no enger Gripp (0 pro Millioun) oder no enger Corona-Impfung mat Biontech oder Moderna (4,1 pro Millioun). Bei AstraZeneca läit dee Wäert bei ronn 5 vun enger Millioune Mënschen.
Och de Risiko vun enger Portalvenenthrombos (PVT) gouf ënnersicht. Deen Inzidenzwäert louch no enger Diagnos mat Covid-19 bei 436,4 pro Millioun. Am Verglach dozou kruten 98,4 Persoune pro Millioun eng PVT no enger Influenza an no enger Impfung mat engem mRNA-Vaccin 44,9 pro Millioun.