Sëtz zu Tübingen an DäitschlandSchonn am Mee kéint de Curevac-Impfstoff an den Asaz kommen

RTL Lëtzebuerg
2021 solle ronn 300 Milliounen Dosisse kënne produzéiert ginn.

Schonn am Mee kéint en neie Corona-Vaccin an Europa an den Asaz kommen. Dat erhofft sech op d’mannst den Hiersteller Curevac.

E Porte Parole vun der Entreprise mat Sëtz zu Tübingen huet erkläert et wier ee schonn an der drëtter klinescher Testphas an d’géif een elo op d’Donnéeë waarden, fir déi ofschléissend Zouloossung.

D’Entreprise plangt dëst Joer bis zu 300 Milliounen Impfdosissen ze produzéieren. Fir d’nächst Joer wieren dann eng Milliard Dosisse virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO