Virun DräiergespréicherSelenkyj hat laangt an detailléiert Gespréich mam US-Spezial-Emissär Witkoff

AFP, iwwersat vun RTL
Den ukrainesche President betount d'Wichtegkeet vun den Dräiergespréicher d'nächst Woch zu Abu Dhabi.
Der ukrainische Präsident Selenskyj hat sich nach eigenen Angaben vor den geplanten Treffen zum Ukraine-Krieg mit den Sondergesandten von US-Präsident Trump beraten. Die Verhandlungen müssten "mit voller Kraft vorangetrieben werden", erklärte er.
Am Virfeld vun den Dräiergespréicher huet de Selenskyj mam Spezial-Emissär Witkoff geschwat.
© AFP

Am Virfeld vun den Dräiergespréicher tëscht russeschen, ukraineschen an amerikaneschen Aarbechtsgruppen d'nächst Woch zu Abu Dhabi huet den ukrainesche President Selenskyj elo uginn, datt d'Gespréicher elo séier a mat voller Kraaft misste viru gedriwwe ginn, fir dem Krich esou séier wéi méiglech een Enn ze setzen. D'Ukrain wier bereet, déi néideg Schrëtt dofir ze maachen.

E Mëttwoch den Owend hätt de Selenskyj dann och ee méi laangt, a wéi hie seet, konstruktiivt Gespréich mam amerikaneschen Spezial-Emissär Witkoff an dem President Trump sengem Edem Jared Kushner gehat.

Fir d'lescht waren Delegatiounen aus den dräi Länner am Februar zu Genève zesumme komm. Am Virfeld vun de Gespréicher d'nächst Woch gesi sech och Mënscherechtsvertrieder aus den dräi Länner am Wäissen Haus mat der First Lady Melania Trump. Dorënner de russesche Wirtschaftsbeoptraagte Kirill Dmitrijew an den ukrainesche Mënscherechtsbeoptraagten Dmytro Lubinez.

En Donneschdeg kommen ausserdeem Vertrieder vun der EU, Groussbritannien, der Nato an den USA zu Bréissel zesummen.

Back to Top
CIM LOGO