
D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) warnt viru Gesondheetsrisken duerch net genuch Beweegung bei Jugendlechen. Ee vu véier Jugendlechen am Alter tëscht 11 a 17 Joer gëtt un, an der Woch iert e gefrot gouf, keen eenzegen aktiven Dag gehat ze hunn. Dat geet aus enger publizéierter Etüd vun der WHO ervir, déi e Mëttwoch an der Fachzeitung "The Lancet Global Health" publizéiert gouf.
D'Etüd baséiert der WHO op honnerte statisteschen Erhiewungen aus 140 Länner a Regioune mat all Kéiers am Ganzen iwwer 3,2 Millioune Jugendlechen. Héichgerechent sinn dat ronn 240 Millioune jonk Leit, déi bannent enger Woch keen eenzegen aktiven Dag hunn. Am Ganzen hunn déi Jonk an der Etüd uginn, am Duerchschnëtt 2,7 Deeg an der Woch kierperlech aktiv ze sinn, wärend nëmme 14% uginn hunn, all Dag an der Woch sech aktiv ze betätegen.
D'WHO warnt, dass "kierperlech Inaktivitéit e wesentleche Risikofacteur fir Häerzkrankheeten, Typ-2-Diabetes a bestëmmte Kriibszorten ass". Et wier "decisive fir de Schutz vun der Gesondheet vu jonke Leit a reduzéiert déi weltwäit Krankheetslaascht, dass se fréi am Liewen aktiv Gewunnechten entwéckelen", heescht et weider an der Etüd.
Weider beklot d'UN-Organisatioun, dass et an deem Beräich kee Progrès gëtt. Déi kierperlech Aktivitéit ënnert Jugendleche wier an de leschte 15 Joer "praktesch onverännert" bliwwen. "Zënter 15 Joer huet d'Welt bei der Beweegung vu jonke Leit praktesch keng Progrèse gemaach, a Meedercher ginn am stäerksten zeréckgelooss", erkläert de WHO-Chef Tedros Adhanom Ghebreyesus.
Meedercher sinn der WHO no a praktesch all Land an an all Regioun däitlech manner aktiv, wéi Jongen. Schätzungen no schwätzen 28% vun de Meedercher dovunner, dass si keen aktiven Dag an der Woch hunn, verglach mat 22% vun de Jongen. Nëmmen 11% vun de Meedercher hunn uginn, all Dag aktiv ze sinn, bei de Jongen sinn et 17%. Ma och ënnert de Länner goufen et deels däitlech Differenzen.
D'Äntwert op dëse Problem géif net dra bestoen, "Jugendlechen ze soen, dass se sech méi ustrenge" missten, betount den Tedros. "Vill méi musse mer Schoulen, Stroossen a Communautéite schafen, an deene Beweegung, Spill an aktiv sinn, sécher, einfach an normal sinn".