DäitschlandSituatioun an de Spideeler riskéiert z'eskaléieren

RTL Lëtzebuerg
D’Intensivstatioune wiere mëttlerweil esou ausgelaascht, wéi zanter dem Ufank vun der Pandemie nach net, warnt de Chef vum Intensiv-Register Karagiannidis.

Bundeswäit wieren nach just eng 1.400 Better fräi, wou e Covid-Traitement kéint geleescht ginn. Duerch ëmmer méi Patienten, déi eng intensiv-medezinesch Behandlung brauche wéinst enger Covidinfektioun, sinn d‘Intensivstatiounen an däitsche Spideeler ëmmer méi belaascht.

D’Intensiv-Medezinner fuerderen dofir e séiert Handele vun der Politik. En Ofänneren vum Infektiounsschutz-Gesetz, sou wéi d’Kanzlerin Merkel et an d’Spill bruet hat, fir dass déi eenzel Bundeslänner zu méi strenge Restriktioune gezwonge kënne ginn, gëtt vum DIVI, der däitscher Vereenegung fir Intensiv a Noutfall-Medezin, voll a ganz ënnerstëtzt, sot hire President Gernot Marx, der ARD géintiwwer.

Anescht géif d’Situatioun an de Spideeler riskéieren ze eskaléieren, well och ëmmer méi Personal ënnert den Infirmièren géif ausfalen.

Back to Top
CIM LOGO