
Den 18. August hat eist Nopeschland déi éischt Dron vum Typ SkyGuardian MQ-9B geliwwert kritt. Se gëtt vum 2e Escadron zu Florennes agesat. Nieft de Belsch operéiert de Moment just Groussbritannien mat deem Typ Dron. Polen an Dänemark hu se entretemps awer och bestallt.

Um Flightradar ass d’Dron um Dënschdeg Owend opgedaucht, wéi se ënnert dem Codenumm COMET 01 gréisstendeels an der Géigend vu Malmédy gekreest ass. D’MQ-9B ka 40 Stonne laang an der Loft bleiwen. De belschen Defenseminister Theo Francken hat viru Kuerzem erkläert, dass déi belsch Flott sechs Drone géif ëmfaassen. Véier dovu ginn de Moment preparéiert an 2027 komplettéiert vun engem drëtte moderniséierte System mat zwou MQ-9B-Dronen.