MünchenStarkach Alfons Schuhbeck huet missen Insolvenz deklaréieren

RTL Lëtzebuerg
No der prominenter Kächin Sarah Wiener huet elo och den 72 Joer ale Kach aus München missen Insolvenz mellen.

Domat kéint en Deel vu sengem Gastronomie-Imperium op en Enn goen. Vun der Insolvenz concernéiert si seng Restauranten um Platzl am Münchener Zentrum, dorënner e Glacë-Salon an 3 Lokaler, wéi och säi Partyservice GmbH & Co KG, steet am Schreiwes vun e Sonndeg ze liesen. 50 Mataarbechter si betraff. De Gastronom hofft awer, säi Gewürz- a Berodungsgeschäft um Liewen halen ze kënnen.

Hien hätt bis zum Schluss op d’staatlech Hëllefe gehofft a vill privat Gelder a seng Entreprise gestach, awer elo wier Schluss domat, sou de Schuhbeck.

Am Juli zejoert huet déi prominent Kächin a gréng Europadeputéiert Sarah Wiener fir hir Restauranten a fir hir Catering-Firma missen Insolvenz deklaréieren. 30 Joer laang huet si an der Gastronomie geschafft.

Back to Top
CIM LOGO