BelschStoffmaske vu Lëtzebuerger Firma sollen net méi benotzt ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi Maske goufen elo vun den Autoritéiten zréckgezunn an d'Leit goufen opgeruff, se net méi ze benotzen.

An der Belsch suerge jo Stoffmasken aus Lëtzebuerg fir vill Opreegung, well se wéinst Nanopartikelen am Stoff kéinte gëfteg sinn.

D’Belsch hate 15 Milliounen där Masken, déi aus Asien komm sinn, bei der Firma Avrox zu Lëtzebuerg bestallt, d’Leit konnte se gratis an d’Apdikt siche goen.

Déi Milliounen, déi nach am Stock sinn, ginn net méi verdeelt an d’Leit sinn opgeruff, se net méi ze benotzen.

Nanosëlwer an Titandioxid kéint sech aus dem Stoff léisen an da fir gesondheetlech Problemer suergen.

RTL-News: Gëfteg Masken aus Lëtzebuerg? D’Firma Avrox steet an der Belsch nawell zolidd an der Kritik

Back to Top
CIM LOGO