D’Belsch krut am Juni 15 Millioune Stoffmaske vun enger Lëtzebuerger Firma geliwwert. D'Leit konnte sech de Mondschutz gratis an d’Apdikte siche goen.

Lo sinn déi Masken, déi vun der Firma Avrox verkaf goufen, nees an der Aktualitéit. Si kéinte schiedlech si fir d’Gesondheet.

Am Stoff ass Nanoselwer an Titandioxid a wann dat sech léisst, kéint dat schlecht sinn, wann een et anotemt. Dat geet aus engem vertrauleche Rapport vum belschen Insititut fir ëffentlech Gesondheet ervir.

Déi Nanopartikelen, déi antibakteriell solle wierken, kënne besonnesch Leit schueden, déi schonn Otemproblemer hunn.

D’Institut selwer wollt virun der Kamera vun RTBF net reagéieren, mä seet awer an engem Communiqué d’Etüd wier nach net public. Et wéisst een net, ob déi Nanopartikelen sech aus dem Stoff léisen.

D’Firma Avrox, déi an d’Belsch geliwwert huet, huet wéi gesot hire Sëtz hei am Land. D’Maske kommen awer aus Asien.

D’Belsch hunn nach 3 an eng hallef Milliounen där Masken am Stock.

Avrox stoung d'lescht Joer schonn an der Kritik. D'Organisatioun Oeko Tex hat d'Firma viru Geriicht wéinst Bedruch ugesicht, well se hire Label benotzt hat, ouni d'Zertifikatioun ze hunn. Avrox hat dës Reprochen zeréckgewisen.