
Méi wéi 1.000 Zaldote sollen d’Police ënnerstëtzen, fir d’Gewalt tëscht de Gangs ze stoppen. Et geet dobäi virun allem ëm d’Kontroll vun Territoiren am Drogenhandel. Der Police no ginn et 90 Bande mat ronn 100.000 Memberen. Am Januar eleng si méi wéi 200 Mënschen am Bande-Krich ëm d’Liewe komm.
De südafrikanesche President Cyril Ramaphosa hat den Asaz vun der Arméi scho virun dräi Wochen an enger Ried ugekënnegt. Hie sot, d’Regierung misst handelen, fir d’Land vun der Bandegewalt ze befreien.
Allerdéngs ass net jidderee sécher, ob dëse Schrëtt laangfristeg hëllefe wäert. 2019 war d’Arméi schonn eemol an de betraffene Quartieren. Wärend där Zäit ass d’Zuel vun de Morden zwar zeréckgaangen, mee nodeems d’Zaldoten erëm fort waren, hunn d’Banden nees d’Kontroll iwwer Quartiere wéi Philippi, Hanover Park, Mitchells Plain, Lavender Hill a Bishop Lavis iwwerholl.
D’Cape Flats gëllen als eent vun de geféierlechste Gebidder vun der Welt. Vill vun de Policekommissariater mat de meeschte Mordfäll a Südafrika leien an dëser Regioun an iwwer 90 % vun de Verbrieche mat Bandebedeelegung ginn hei registréiert.