
Um Samschdeg ass déi nei Formel-1-Saison mam éischte Qualifying an Australien lass gaangen. Den George Russell huet sech déi éischt Pole Position geséchert. Obwuel de Q1 an de Q3 kuerz ënnerbrach ware konnt de Britt sech viru sengem Teamkolleeg Kimi Antonelli an dem Isack Hadjar um Red Bull déi 1. Plaz sécheren. Fir Mercedes war et deemno e gelongenen Optakt.
De Q3 gouf kuerz ënnerbrach well de Kimi Antonelli e Stéck vu sengem Auto verluer hat an d’Streck doduerch dreckeg war. An der Suite konnt awer weidergefuer ginn an déi éischt dräi Plaze goungen un de Russell, den Antonelli an den Hadjar. Knapp hannendru koum de Charles Leclerc um éischte Ferrari. Béid McLaren-Piloten Oscar Piastri an den aktuelle Weltmeeschter Lando Norris gi vun de Plaze 5 a 6 an d’Course. E staarke Qualifying ass och de Rookie Arvid Lindblad (Racing Bulls) gefuer. Hannert dem Lewis Hamilton (Ferrari) an dem Liam Lawson (Racing Bulls) ass de jonke Pilot op déi 9. Plaz gefuer.
Béid Haas-Piloten Oliver Bearman an Esteban Ocon haten et an de Q2 gepackt, méi war awer net dran. E spannend Duell ëm déi 10. Plaz gouf et tëscht den Audi-Piloten Nico Hülkenberg an dem Gabriel Bortoleto. De Brasilianer konnt sech an de Q3 retten, huet den Auto kuerz drop awer missen an der Box stoe loossen, well en e Problem mam Auto hat. De Franco Colapinto an de Pierre Gasly um Alpine an den Alexander Albon um 2. Williams waren net séier genuch an hunn et net an déi lescht Qualifying-Ronn gepackt.
Am Q1 war den George Russell de Séiersten. Den Out war et iwwerraschend fir de Max Verstappen (Red Bull). De Qualifying hat kuerzzäiteg missen ënnerbrach gi, well den Hollänner an d’Mauer gerannt war. Nieft dem Verstappen hu béid Cadillac-Pilote Sergio Perez a Valtteri Bottas, de Lance Stroll a Fernando Alonso um Aston Martin an de Carlos Sainz (Williams) den Auto nom Q1 misse stoe loossen.
E Sonndeg gëtt déi éischt Course vun der Saison an Australien gefuer. Suivéiere kënnt Dir se live ab 4:30 Auer op RTL ZWEE an am Stream op RTL Play.