Och en eendeitegt Zil, wat ee mam Krich wëllt erreechen, gouf bis ewell net matgedeelt. Méi zu den Entwécklungen um 8. Dag Krich am Resumé vum Petz Bartz.
Den iranesche President Masoud Pezeshkian huet sech an engem Videomessage fir d’Attacken op d’Nopeschlänner entschëllegt. Teheran hätt net d’Intentioun vun enger Invasioun, virausgesat den Iran géif och net vun deene Länner aus attackéiert ginn. De Schued, deen zum Beispill an den Emiraten entstan ass, trëfft virop d’Tourimusindustrie. Nach ëmmer sëtzen Touriste fest am gëllene Käfeg vu soss gemittleche Luxushotellen am Oman.
An Iran ass d’Situatioun wäitaus méi eescht. Mëttlerweil läit d’Zuel vun den Doudesaffer vun den amerikanesch-israeeleschen Attacke bei 1.332, Dausende si verwonnt. D’Offensiv geet weider an d’Wäisst Haus kënnegt iwwer sozial Medien nach eng Verschäerfung un. Vill Awunner hate sech d’Befreiung vun hirem Vollek anescht virgestallt.
Zu Basra, am Süde vun Irak, ass et Teheran gelongen, mat Dronen Büroen a Lagerhale vum US-Konzern Halliburton ze zerstéieren. D’Gesellschaft huet hir Mataarbechter, déi op den irakesche Pëtrolsfelder beschäftegt sinn, missen a Kuwait evakuéieren.
Och de Süde vu Beirut a Libanon, de Staddeel ënnert der Kontroll vun der Hezbollah, ass gréisstendeels evakuéiert. Bei israeelesche Loftattacken si bis ewell méi wéi 200 Awunner ëm d’Liewe komm.