Am Kader dovunner huet Taiwan getest, wéi séier seng franséisch Mirage-Kampfjetten nom Asaz nei betankt, arméiert an erëm an d'Loft geschéckt kënne ginn. D'Arméi wëll esou weisen, datt si och am Krich d'Fluchhäfe bannent e puer Stonnen nees asazbereet maache kann.
Am Kader vun deem Exercice huet Taiwan iwwerdeems eng strategesch wichteg Bréck bei der Haaptstad Taipei ofgeséchert. D'Zaldoten hunn dofir Bëtongsbarrièren, Stacheldrot a Maueren opgeriicht, fir eng méiglech Invasioun vu chineeseschen Truppen ze verhënneren.
De President vun Taiwan Lai Ching-te huet kuerz virun der Übung den Hafe vu Taipei besicht, wou Rakéiten a Minnen op Schëffer geluede goufen. An enger Simulatioun gouf hien och mat engem gepanzerte Gefier an e geschützte Kommandozentrum evakuéiert.
Méi wéi 5.000 Reservisten huelen un der Übung deel – esou vill wéi nach ni.
Nieft militäreschen Asätz gëtt och getest, wéi d'Bevëlkerung op Stéierungen am Internet reagéiert.
D'Übung ass virum Hannergrond vun de wuessende Spannungen tëscht Taiwan a China ze gesinn.
Peking betruecht Taiwan als Deel vu sengem Territoire a verstäerkt zënter Jore säi militäreschen Drock op d'Insel.