Commentaire vum François AulnerD'US-Monroe-Doktrin an d'europäesch Mippchen-Doktrin

François Aulner
Heiheem sinn déi schwiereg politesch Dossieren hannert eis, esou de Premier Luc Frieden bei eis am Neijoerschinterview op der Tëlee. Hie wier en Optimist. A sengem Commentaire freet sech de Fränz Aulner ewéi hien dat am aktuellen internationale Kontext nach mécht och wann dat u sech gutt ass.
© RTL

Aktualitéitsméisseg huet d’Joer alles anescht ewéi gutt ugefaangen. D’Tragedie vu Crans-Montana an dann d’US-Interventioun a Venezuela mat der Festnam vum President Maduro. Ewéi wann d’geopolitesch Lag net scho komplett verfuer an et eng nei Weltuerdnung vu Banditte wier.

De Commentaire vum François Aulner

Egal ewéi richteg et ass, datt de Maduro en totalitären, kriminellen an inkompetente President war oder nach iergendwéi ass, esou falsch war et, ewéi d’Trump Administratioun gehandelt huet: ouni den US-Kongress ze froen a scho guer net d’international Communautéit, e Staatschef kidnappen an dobäi d’Land bombardéieren. Den Trump hëlt eng chaotesch Zukunft a Südamerika a Kaf ewéi de Bush et mam Irak gemaach huet.

Drogen, Ueleg, China... Epstein?

Erëm eegen Interessien, erëm keng Récksiicht op Verloschter, erëm “la loi du plus fort”.

D’Hannergrënn vum Trump fir a Venezuela en neit Land ze schafen, wieren de Kampf géint den Drogeschmuggel, den Zougank zum schwéiere venezuelaneschen Ueleg, villäicht och weider Agrëff a Kuba oder Kolumbien ze preparéieren oder wat nach kee sot, villäicht fir vun den Epstein-Files ofzelenken. Oder ebe grad well e weess, datt hien duerch deen Dossier en Deel vu senger MAGA-Wielerschaft verluer huet.

Virun allem ass et e Signal un den Haaptrival, jo u sech deen eenzegen, deen d’USA nervös mécht: China. Um Pabeier kommunistesch, mee a Wierklechkeet totalitär a kapitalistesch, ass China amgaangen d’USA wirtschaftlech z’iwwerhuelen (d’Donnéeë liwweren nach Interpretatiounsspillraum). Et ass villäicht e Signal u Peking fir Taiwan ze besetzen, mee éischter e Signal fir ze weisen, wien de Patron an der westlecher Hemisphär ass.

The Great Dictator

D’Monroe-Doktrin aus dem virleschte Joerhonnert gouf schonn als Donroe-Doktrin ëmgedeeft. Wann Europa weider an d’Box mécht a keng Truppen a Grönland preventiv deployéiert, ass Grönland geschwënn och an amerikaneschen Hänn. De Communiqué vun der EU als Reaktioun drop mécht dem Trump elo schonn Angscht.

Eigentlech misst een am neie Joer d’Hoffnung, den Optimismus vum Luc Frieden deelen. Mee wéi kann déi global Oprëschtungsspiral gestoppt an ëmgekéiert ginn? Wei kënnen narzisstesch, imperialistesch, totalitär Leaderen duerch gutt gesënnten normal Leit ersat ginn?

Fir ofzeschléissen, passend en Extrait aus dem Discours vum Charlie Chaplin am “Great Dictator": “Diktatore befreie sech selwer, mee spären d’Vollek an. (...) Loosst eis fir eng fräi Welt kämpfen, fir déi national Barriären ofzebauen, fir der Gier, dem Haass an der Intoleranz en Enn ze bereeden. Loosst eis fir eng Welt vum Verstand kämpfen, eng Welt vu Progrès, déi zur Freed vu jidderengem féiert.”

Back to Top
CIM LOGO