Korruptiounsskandal am EnergiesecteurUkrainesch Justiz- an Energieministeren zeréckgetrueden

RTL Lëtzebuerg
Dem Herman Haluschtschenko gëtt reprochéiert, fir "perséinlech Virdeeler" d'Kontrolll iwwer d'Zirkulatioun vun de Suen am Energiesecteur ofginn ze hunn.
© AFP

E Mëttwoch de Moie gouf den aktuelle Justizminister Herman Haluschtschenko wéinst der Verwécklung an e Korruptiounsskandal am Energiesecteur suspendéiert. Dat hat déi ukrainesch Premierministesch Julia Swyrydenko annoncéiert. Bis dëse Summer war den Herman Haluschtschenko nach Energieminister. Am Laf vum Mëttwoch huet den Haluschtschenko du selwer säi Récktrëtt annoncéiert.

Den nationalen Antikorruptiounsbüro (Nabu) hat no Ermëttlungen, déi déi lescht 15 Méint gelaf sinn, e Méindeg eng Rei Razzien uechter d’Ukrain gemaach. D’Ermëttler hunn engem Vertraute vum President Wolodymyr Selenskyj, dem Timur Minditsch, eng déifgräifend Korruptioun virgeheit, bei där “ronn 100 Milliounen Dollar”, ëmgerechent ronn 86 Milliounen Euro, zirkuléiert wieren.

Den Antikorruptiouns-Parquet (Sapo) reprochéiert dem Herman Haluschtschenko, an dëse Skandal verwéckelt ze sinn. Hie soll “perséinlech Virdeeler” vum Minditsch krut hunn an am Géigenzuch hätt dësen d’Kontroll iwwer d’Zirkulatioun vun de Suen am Energiesecteur krut.

Zeréckgetrueden ass iwwerdeems och d’Energieministesch Switlana Grintschuk. An hirer publizéierter Récktrëttserklärung huet si betount, si hätt net géint d’Gesetz verstouss.

Back to Top
CIM LOGO