
D'Munitioun soll kuerz virdrun aus Frankräich op Leipzig transportéiert gi sinn a fir e weideren Transport bestëmmt gewiescht sinn. D'Infoe baséieren op engem vertrauleche Policerapport.
D'Sprengstoff-Dron war an der Nuecht op e Mëttwoch am Sécherheetsberäich vum Cargoterminal entdeckt an duerch Spezialiste vun der Police entschäerft ginn. De Fluchhafe Leipzig/Halle ass eng wichteg Dréischeif fir militäresch Hëllefsliwwerungen un d'Ukrain.

De Fluchverkéier gouf kuerzfristeg ënnerbrach, verschidde Fligere goufen ëmgeleet.
Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt geet vun engem hybriden Zenario aus. Éischten Erkenntnisser no wier d'Aktioun professionell virbereet gewiescht an hätt vill technescht Wëssen an Erfarung am Ëmgang mat Sprengstoff verlaangt.
Och d'Sich no engem zweete verdächtegen Objet um Fluchhafen ass nach amgaangen.