Gespréicher mam IranUS-Vizepresident JD Vance an der Schwäiz gelant

AFP, iwwersat vun RTL
D'Negociateure vu béide Säite sollen e Sonndeg am Hotel Bürgenstock mat den Diskussiounen iwwer déi konkret Ëmsetzung vum Kaderaccord fir den Enn vum Iran-Krich ufänken.
Den US-Vizepresident ass vum Wee bei den Hotel Bürgenstock.
Den US-Vizepresident ass vum Wee bei den Hotel Bürgenstock.
© FABRICE COFFRINI/AFP

Den amerikanesche Vizepresident JD Vance ass fir d'Friddensverhandlungen mam Iran an der Schwäiz ukomm. Säi Fliger ass e Sonndeg de Moien zu Emmen bei Luzern gelant. Dat huet ee vu senge Porte-Parolle matgedeelt. E Samschdegwend war schonn déi iranesch Delegatioun an der Schwäiz ukomm. D'Negociateuren sollen e Sonndeg am Hotel Bürgenstock mat den Diskussiounen iwwer déi konkret Ëmsetzung vum Kaderaccord fir den Enn vum Iran-Krich ufänken. Wichteg Punkten wéi d'Zukunft vum iraneschen Atomprogramm, d'Roll vun Israel oder d'Gestioun vun der Strooss vun Hormus, sinn nach laang net gekläert.

Eigentlech hätten d'Verhandlungen schonn e Freideg sollen ugoen, goufen awer no hanne verréckelt. Nodeems Israel e Samschdeg trotz enger vun den USA annoncéierter Wafferou mat der Hisbollah Attacken op de Libanon geflunn ass, stoungen D'Negociatiounen dann nees op wackelege Féiss. Den Iran hat als Reaktioun op dat israeelescht d'Virgoen esouguer d'Strooss vun Hormus nees zou gemaach.

Back to Top
CIM LOGO