UkrainVermësste belarusseschen Aktivist dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no sengem Verschwannen ass de belarusseschen Aktivist Vitali Schischow zu Kiew dout opfonnt ginn.
© Facebook page of Vitaly Shishov/AFP/Handout

Hie wier “erhaangen” an engem Park an der Géigend vu senger Wunneng an der ukrainescher Haaptstad entdeckt ginn, huet d’Police um Dënschdeg matgedeelt. Si huet Mord-Ermëttlungen opgeholl. De 26 Joer ale Schischow hat vu Kiew aus d’Organisatioun “Belarussescht Haus an der Ukraine” (BDU) gefouert, déi belarussesch Flüchtlingen ënnerstëtzt.

D’Police huet ugekënnegt, an all Richtungen ze ermëttelen. Och méiglech Hiweiser, dass et sech ëm een “als Suicide verschleierte Mord” handele kéint, wäerte si nogoen.

De Schischow war vermësst gemellt ginn, nodeems hien um Méindeg de Moien net vun enger Jogging-Ronn zréckkomm war. D’Mënscherechtsorganisatioun Wjasna huet erkläert, andeems si sech op Frënn vum Aktivist beruff huet, datt hie beim Jogge vu “Friemen” verfollegt gi wier.

Seng Organisatioun BDU huet vun enger “geplangter Operatioun” vun der belarussescher Féierung geschwat, déi zur “Eliminéierung” vun engem Regierungskritiker gedéngt hätt. Et wier offensichtlech, dass déi belarussesch Geheimdéngschter de Schischow ëmbruecht hätten, deen eng “reell Menace fir de Regime” zu Minsk gewiescht wier.

Vill Belarusse flüchte wéinst der Repressioun an hirem Land an d’Nopeschlänner Ukrain, Polen oder Litauen. Deen zanter bal dräi Joerzéngten belarussesche President Alexander Lukaschenko war viru bal engem Joer trotz massive Bedruchsvirwërf zum Gewënner vun der Presidentschaftswal erkläert ginn. Dëst huet am Land historesch Masseprotester ausgeléist, déi vun de Sécherheetskräften brutal niddergeschloe goufen. Wéinst dem brutale Virgoen an dem presuméierte Walbedruch hat d’EU Sanktioune géint déi belarussesch Féierung verhaangen.

E Méindeg hat och de Fall vun der belarussescher Olympia-Athletin Kristina Timanowskaja international Welle geschloen. D’Sprinterin hat no Kritik u belarussesche Sportsfonctionnairë bei den Olympesche Spiller zu Tokio Schutz bei der Police gesicht. Si sollt géint hire Wëllen aus Japan ausgeflu ginn, de ganzen Artikel dozou fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO