"Panama Playlists"Wat lauschtert den J.D. Vance, wann hien Owesiesse mécht?

RTL Lëtzebuerg
Hutt Dir Är Spotify-Playlist op privat gesat? Wann net, da kéint et iech goen, wei enger ganzer Rei amerikanescher Perséinlechkeeten.
© RTL / AFP /Screenshot Spotify

Bëssen “I want it that way” vun de Backstreet Boys, dann och mol “One Time” vum Justin Bieber an zum Schluss nach “Satellite of Love” vum Lou Reed. Esou gesäit anscheinend d’Playlist “Making Dinner”, also “Owesiesse maachen”, vum US-Vizepresident J.D. Vance aus.

Am Juli ass den Internetsite mam Numm “Panama Playlists” online gaangen a behaapt, déi “richteg Spotify-Konte vu Berüümtheeten, Politiker a Journalisten” ze presentéieren. Den Numm bezitt sech dobäi op d"Panama Papers”, eng international Recherche vun honnerte Journalisten aus dem Joer 2016, déi opgedeckt huet, wéi Politiker a Prominenter a Panama Geldwäsch bedriwwen a Steieren hannergaangen hunn. Och Lëtzebuerg war an de Skandal verwéckelt.

Nieft dem Vizepresident Vance sollen och d’Playliste vun der Spriecherin vum Wäissen Haus, Karoline Leavitt, souwéi musikalesch Zesummestellunge vun der amerikanescher Justizministesch Pam Bondi an dem Gouverneur vu Florida Ron DeSantis vertruede sinn.

Ma net just d’Museksvirléifte vu Politiker a Politikerinne fanne sech hei, och Playliste vu CEOs a Grënner vun Tech-Entreprisë sinn dobäi. Zum Beispill kann een och kucken, wéi eng Lidder de CEO vun Instagram, Adam Mosseri, iwwert d’App Shazam gesicht huet. Nieft Instagram sinn och nach d’CEOs vu Coinbase, OpenAI an Uber an eng jett anerer ze fannen.

Wéi Ufanks gesot, sinn och Journalisten net dovu komm. Zwee dovunner, d’Kashmir Hill an de Mike Isaac vun der New York Times, hu sech dann och domat auserneegesat, wien dohannert stécht an ob déi Playlisten och wierklech deene Perséinlechkeete gehéieren, deene se zougeschriwwe ginn. Op d’mannst emol hir perséinlech Konte fanne sech an de “Panama Playlists” erëm, confirméieren déi zwee Journalisten.

Eng Dose Leit aus der Tech-Branche an aus de Medien hätte confirméiert, dass et sech ëm hire Spotify-Kont handelt. Leider hätten déi meescht Politiker sech net dozou geäussert, heescht et weider am Artikel vun der New York Times vun den zwee concernéierte Journalisten. Ma e Spriecher vum Gouverneur vu Florida, Ron DeSantis, deelt mat, dass et u Country-Kënschtler an 80er-Metal-Bands feelt, fir dass et dem DeSantis seng Playlist kéint sinn.

De Responsabele fir dës musikalesch Offenbarungen huet dann och Kontakt mat der New York Times opgeholl. Dobäi handelt et sech ëm den 23 Joer ale Riley Walz, engem Ingenieur, deen och virdru schonn opgefall ass mat Projeten, déi weise wëllen, wéi vill Daten um Internet kënne fonnt ginn, sou déi zwee Auteuren. Sou war et him méiglech, déi Playlisten ze fannen an ze verëffentlechen, well bei Spotify all Playlist als éischt mol public ass an d’Notzer hir Playliste bewosst op “privat” stelle mussen.

An der Debatt ëm Privatsphär um Internet an déi richteg Mesurë fir sech ze schützen, sinn d’"Panama Playlists”, och wann se net all sollte richteg sinn, en Hiweis dorop, dass Dateschutz jiddereen eppes ugeet.

Back to Top
CIM LOGO