
E puer Deeg virun der UN-Konferenz COP17 iwwer Biodiversitéit huet d'Ëmweltschutzorganisatioun WWF op dat dramatescht Verschwanne vu wëllen Déieren higewisen. Tëscht 1970 an 2022 wieren d'Populatiounsgréisste vu Mamendéieren, Amphibien, Reptilien, Vigel a Fësch am Duerchschnëtt ëm 73 Prozent zréckgaangen, huet WWF en Donneschdeg am Kontext vu sengem rezente Rapport "Living Planet Report" erkläert.
Am schlëmmste wier de Réckgang mat duerchschnëttlech 85 Prozent a Flëss, Séien an anere Séiswaasserliewensraim. U Land gouf et e Minus vun 69 Prozent, an de Mierer 59 Prozent. Am stäerkste betraff si Latäinamerika an d'Karibik mat engem Réckgang vu 95 Prozent an Afrika mat 80 Prozent.
"D'Aart a Weis, wéi d'Welt Liewensmëttel produzéiert a konsuméiert" ass dem WWF no déi wichtegst Ursaach fir dës Entwécklung, nach virum Klimawandel. Weider Grënn léichen an der Energieversuergung an am Finanzsystem, dobäi kéimen d'Ëmweltverschmotzung an d'Menace duerch invasiv Aarten a Krankheeten.
De WWF betount iwwerdeem, datt d'Entwécklung nach gestoppt kéint ginn. Den Trend no ënne "léisst sech ëmdréinen, wa mir de Schutz vun der Natur an d'Ekonomie, Politik a Gesellschaft verankeren", erkläert d'Kathrin Samson vum WWF Däitschland.
Dem WWF no sinn d'Hallschent vun de Populatiounen am "Living Planet Index" stabil oder wuesse souguer. Duerch geziilt Schutzmesurë sinn ënnert anerem d'Populatioune vun der Grénger Mieresschildkröt, dem Bloflossen-Thon oder bei eenzelen Elefantebestänn am südlechen Afrika nees gewuess. D'Zuel vu de wëllegen Tigeren ass dem Rapport no zanter 2010 weltwäit vun 3.200 op ronn 5.700 geklommen - eng Hausse vu méi wéi 70 Prozent.
D'COP17 iwwer d'Aartevillfalt fänkt den 19. Oktober an der armeenescher Haaptstad Eriwan un. Bis den 30. Oktober wäerten d'Verhandlunge vu Vertrieder aus knapp 200 Länner daueren.