"Alpha", "Beta", "Gamma"WHO benennt Corona-Varianten ëm

RTL Lëtzebuerg
An Zukunft wäerten d'Mutatiounen net méi duerch d'Bezeechnungen "indesch" oder "brittesch" vuneneen ënnerscheet ginn, mä duerch griichesch Buschtawen.

Aus der brittescher Mutatioun, och bekannt ënnert der Form B.1.1.7, gëtt “Alpha”. Déi südafrikanesch wäert “Beta” genannt ginn, déi brasilianesch “Gamma” an déi indesch “Delta”. Wat d’Variant méi fréi entdeckt gouf, wat hire Buschtaf méi vir am griicheschen Alphabet läit.

Zil wier et net, déi wëssenschaftlech Bezeechnungen z’ersetzen. B.1.617.1 oder B.1.617 loosse sech allerdéngs schwéier ausschwätzen an d’Gefor ass och méi grouss, dass d’Zuele verdréit ginn, sou d’Erklärung vun der WHO.

Kee Land soll fir d’Entdeckung oder d’Melle vun enger Variant stigmatiséiert oder diskriminéiert ginn, huet d’WHO-Epidemiologin Maria Van Kerkhove betount. Dowéinst och den Appell vun der Weltgesondheetsorganisatioun un déi national Autoritéiten a Medien, déi nei Nimm an Zukunft ze benotzen.

Nodeems den Ex-President Donald Trump de Coronavirus ëmmer nees als “China-Virus” bezeechent huet, koum et an den USA zum Beispill zu enger Abberzuel Ugrëffer op Mënsche vun asiatescher Hierkonft.

Back to Top
CIM LOGO