
Um Ordre du Jour stinn déi schwéier russesch Ugrëff op Kiew an de fir September geplangte Sanktiounspak géint Russland. Fir Lëtzebuerg ass de Vize-Premier an Ausseminister Xavier Bettel zu Kopenhagen dobäi, hie schwätzt kuerz virum Treffe vun enger delikater Situatioun:
“Eng delikat Situatioun mat engem zynesche russesche President, well hie seet, hie wéilt Fridden an awer gouf et nach ni sou vill Bombardementer wéi elo. Et gesäit een, datt et kee Wëlle fir Fridde vu senger Säit aus gëtt.”
Xavier Bettel: Une situation délicate avec un président russe cynique parce qu’il dit qu’il veut la paix et on n’a jamais eu autant de bombardements, on voit qu’il y a aucune volonté de sa part d’avoir la paix.
Am Virfeld vun de Gespréicher huet d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas annoncéiert, datt ee Remboursement vun den agefruerene russesche Verméige vu ronn 210 Milliarden Euro an der EU just méiglech ass, wa Russland fir d’Reparatiounskäschten an der Ukrain opkënnt.
Nieft dem Ukrain-Krich geet et och iwwert dat weidert Virgoe vun der EU am Israel-Palästina-Konflikt. Kuerz virun der UN-Vollversammlung zu New York an e puer Wochen, wou eng Rei Staate jo annoncéiert hunn, Palästina wëllen unzeerkennen, huet den amerikaneschen Ausseministère jo decidéiert, fir Visae fir Membere vu Palästinensergruppen, dorënner och fir de President Abbas entweder zréck ze zéien oder guer net eréischt auszestellen. Dem Xavier Bettel no dierft ee sech net erpresse loossen:
“Dat ass net normal. Mir musse mateneen diskutéiere kënnen, et kann een net einfach soen, datt ee Palästina vum Dialog ausschléisst. An deem Fall, firwat net op Genf goen amplaz vun New York fir eng Spezialsëtzung vun der Generalversammlung, fir nolauschteren ze kënnen, fir eng Diskussioun iwwer Palästina ze féieren? Et kann een eis net als Geisel huelen.”
D’UN-Vollversammlung zu New York fänkt den 22. September un.