
No éischten Ermëttlungen op der Plaz wier kloer, datt de Mann erschoss gouf, heescht et vun der Police. E Verdächtegen ass bis ewell nach net gefaasst.
Dem aktuelle Stand vun der Enquête no, hate Persounen, déi sech zu deem Ament an der Bar opgehalen hunn, d’Police alarméiert, nodeems se en 33 Joer ale Mann fonnt hunn, dee vu sech war. Secouriste vun de Pompjeeën hunn nach op der Plaz versicht, de Mann ze reaniméieren. Dësen ass allerdéngs nach op der Plaz u senge Blessure verscheet.
E Sonndegmoie war d’Plaz ronderëm d’Shisha-Bar groussraimeg ofgespaart an d’Enquêteuren hunn d’Bewunner vun de Stroosse ronderëm befrot. Ausserdeem waren d’Spueresécherung an d’Hondsstaffel vun der Police am Asaz.
Et ass iwwerdeems net fir d’éischt, dass et an der Bar zu esou engem Tëschefall kënnt. Am Dezember zejoert goufen zwee Männer am Etablissement vu maskéierten Onbekannten attackéiert. Virun dräi Joer gouf e 27 Joer ale Mann hei mat e puer Schëss ëmbruecht. Grond fir d’Dot wier dem zoustännege Riichter no deemools e Sträit am Drogemilieu gewiescht.