Carte blanche vum Carlo ThelenE puer Iwwerleeungen zur kommender Tripartite

Carlo Thelen
An der Carte blanche vum Carlo Thelen geet et ëm d'Erwaardungen un déi bevirstoend Tripartite.
© RTL

D'Carte blanche vum Carlo Thelen

No den 1. Mee-Feieren a Fuerderunge geet et zeréck op d'Realitéite vum Terrain. D'Sozialpartner bereede sech elo op déi nächst Tripartite vir.

D'Tripartite ass e Krisen-Instrument, an den Iran-Krich huet sécherlech d'Potenzial, fir an eiser klenger an oppener Wirtschaft gréisser Schied ze provozéieren. Éischt kuerzfristeg Impakter spieren d'Konsumenten an d'Betriber elo schonn, sief et op der Pompel, bei de Produktiounskäschten, beim Approvisionnement oder an der Logistik.

Wat de Konflikt méi laang dauert, wat déi mëttel- a laangfristeg Impakter méi déif gräifend wäerte sinn.

Fir dës negativ Impakter ze analyséieren, verschidden Zenarien opzestellen an adaptéiert Moossnamen ze ergräifen, ass et deemno déi richteg Entscheedung, d'Sozialpartner zesummenzebréngen. Et geet drëm, sech elo scho gutt virzebereeden, fir séier, proaktiv an entschloss en fonction vun der Entwécklung vum Krich a senge Repercussiounen déi richteg Äntwerten ze fannen.

An deem Kontext follgend Iwwerleeungen:

  • Nieft der akuter Weltwirtschaftskris hu mir zanter Joren eng strukturell Kris zu Lëtzebuerg, déi sech awer schläichend entwéckelt huet a bis elo vu ville Leit onbemierkt bliwwen ass. Eis Wirtschaft ass elo zanter fënnef Joer praktesch net méi gewuess. Mir ginn also geschwächt an dës Kris.
  • De Chômage ass mëttlerweil op iwwer 6% geklommen. An déi Betriber, deenen et gutt geet – an där hu mir der glécklecherweis nach – fanne keng Leit méi.
  • Trotz de successive Krisen ass d'Kafkraaft vun de Stéit zu Lëtzebuerg glécklecherweis net erofgaangen. Au contraire, laut den Zuele vum Statec ass den Duerchschnëttsliewensniveau tëscht 2017 an 2025 all Joer tëscht 2,8 a 6,5% gewuess. Dës Zuele weisen, dass an der Tripartite zilgeriicht, an op kee Fall mat der Géisskan agéiert dierf ginn.
  • D'Staatsfinanzen hunn sech am 1. Trimester 2026 am Verglach zu 2025 effektiv spierbar verschlechtert.
  • Dofir gëllt et sech elo an enger éischter Phas op dat Wesentlecht ze konzentréieren a Prioritéiten ze setzen. Den Iran-Krich ass, nieft dem mënschleche Leed, virun allem eng Energie- an Inflatiounskris.

Also sollt dës Tripartite sech op d'Bekämpfung vun der Inflatioun konzentréieren, andeems Moossnamen am Beräich vun den Energiepräisser ergraff ginn. Esou kann den negativen Impakt op d'Kafkraaft vun de Leit an op d'Kompetitivitéit vun de Betriber ofgefiedert ginn. Dat kann duerch cibléiert Léisunge gemaach ginn, mat engem Fokus op déi Stéit a Betriber, déi am meeschte betraff sinn.

Esou dierft et och méi einfach sinn, dass dës Tripartite zu engem Erfolleg gëtt. Dat ass wichteg fir de lëtzebuergesche Wirtschafts- a Sozialmodell, dee soss riskéiert, weider an enger negativer Ofwäertsspiral ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO