Carte blanche vum Jean-Luc ThillEducatioun an Arméi – wann d'Symbolik kippt

Jean-Luc Thill
Et ginn Zäiten, do verännert sech net d'Realitéit, mee eise Bléck drop. Wat virun zéng Joer nach wéi eng flott Traditioun gewierkt huet, léisst haut e Gefill vun Onbehagen aus. Tëscht Bildung an Arméi stellt sech eng al an onbequeem Fro nei: deele si wierklech déi selwecht Welt? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
© RTL

Carte blanche vum Jean-Luc Thill

Virun zéng Joer hätt ech dat gutt fonnt, ganz éierlech. Eng Vereedegung am Schlass vu Walfer – dat kléngt no Traditioun, no Stil, no enger gewëssener Gréisst. Zentral, praktesch, mat Parking fir d'Famill. Eng flott Kuliss fir e wichtege Moment.

An haut? Mir liewen net méi an där selwechter Welt. D'Biller aus der Ukrain, d'Eskalatiounen am Noen Osten – dat sinn net méi abstrakt Noriichten. Dat ass d'Realitéit, déi sech och an eis Symboler erafrësst. A genee do gëtt et problematesch.

D'Schlass vu Walferdange ass haut net einfach eng historesch Kuliss, respektiv eng al Kasär. Et ass d'Heemecht vum IFEN, enger Institutioun a Plaz, déi fir Bildung steet. Fir Reflexivitéit, fir d'Fäegkeet, d'Welt net nëmmen ze akzeptéieren, mee ze verstoen an ze hannerfroen. Fir kritescht Denken, fir Demokratie.

Fir dann op där Plaz déi nei Zaldoten ze vereedegen, ass op d'mannst gefillt onglécklech. Eng Symbolik, déi net neutral ass, virun allem mam Bléck op déi ugespaanten an nervös global geopolitescher Lag.

Mir hunn an der Bildung déi lescht 30 Joer vill Energie a Ressourcë benotzt, fir eis vum militäresche Modell ze distanzéieren. Ewech vum "law and order", ewech vum blannen Exekutéiere vu Befeeler, ewech vun engem System, deen op Disziplin a Konformitéit gebaut ass. Mir wollten a wëlle Schüler, déi denken, déi froen, déi zweiwelen.

Bildung schafft mat der Zäit, mat der Onsécherheet, mam Zweifel. Si ass lues, reflexiv, dynamesch an oppe fir Onbestëmmtes. Militärescht Handelen ass anescht: dat verlaangt Entscheedung, Kloerheet, heiansdo och d'Bereetschaft, Gewalt anzesetzen, wann all aner Mëttel opgebraucht sinn.

Jo, ech weess, d'Arméi schwätzt och vu Fridden, vu Schutz, vu Mënscherechter. Dat steet alles schéin an der Charta. Mee loosst eis éierlech sinn: Wann een haut d'Noriichte kuckt, gesäit een net "Fridden". Et gesäit ee Gewalt, Muecht an Eskalatioun.

An do kënnt meng Fro: Firwat war déi Assermentatioun op där Plaz?

Gouf einfach net iwwerluecht oder d'Argument vun der Traditioun "et war ëmmer esou"?

Oder ass et méi clever, wéi et ausgesäit? Eng Zort "soft psychologesch Konditionéierung" – eng normaliséiert Präsenz vum Militär an engem ziville Kontext?

Well Symboler wierken. Net direkt, net brutal – mee lues. Si verännere Grenzen: wat sech haut bosseg ufillt, ass muer normal. An dat mécht mir Suergen.

Well jo: Arméi a Bildung hunn dat selwecht Ziel – Fridden a Fräiheet. Mee d'Weeër dohinner kéinte méi ënnerschiddlech net sinn. Hei: Dialog, Zweifel, kognitiv Problemléisung. Do: Hierarchie, Disziplin, am Extremfall Gewalt.

Dat geet net einfach Hand an Hand. An do entsteet eng Spannung – net als Widdersproch, mee als Differenz.

Well Symboler si keng Dekoratioun. Si strukturéieren eist Denken. Si soen eis, wat zesummegehéiert – a wat net.

Dofir eng ganz einfach Propos: Maacht et kloer. Vereedegt d'Zaldoten do, wou si doheem sinn – an der Kasär um Härebierg zu Dikrech. Ouni Ambiguitéit. Ouni symbolesch Verwirrung. Haalt d'Bildung fräi vun deem, wat se bewosst hannert sech gelooss huet.

An hoffen zesummen, datt Enseignanten den Eed op d'Constitutioun ni an enger Kasär mussen ofgeholl kréien.

Back to Top
CIM LOGO