Commentaire vum Carine LemmerChrëschtlech Nächsteléift fir d'Caritas?

Carine Lemmer
Zanter méi wéi 90 Joer gëtt et hei am Land d'Caritas. 1932 gouf de "Kathoulesche Lëtzebuerger Caritasverband" gegrënnt. Datt d'Organisatioun den 100. Gebuertsdag feiert, ass éischter onwarscheinlech. D'ONG gouf beklaut a steet virum Enn vun hirer Existenz. Et bleiwe vill Froen an d'Ongewëssheet, wéi et weidergeet mat der Caritas. Mä déi lescht Deeg hunn och Resultater bruecht. D'Carine Lemmer kommentéiert.

D’Regierung huet eng 180 Grad-Wendung gemaach, soten déi Gréng. D’LSAP war och verwonnert, datt elo awer nach staatlech Sue fir d’Caritas do sinn. No Drock vun der Oppositioun an der Press hätt sech nach eppes gedoen, huet déi gréng Djuna Bernard gëschter no der grousser Caritas-Kommissiounssëtzung gemengt.

Fakt ass, datt d’Caritas bis d’Enn vum Joer en Iwwergangskredit vu 5 Milliounen Euro kritt, fir alles propper ofzewéckelen. Fir besser Léisunge fir déi international Projete wëll sech den Ausseministère verstäerkt asetzen. An déi, déi net vun HUT iwwerholl goufen, déi politesch Stëmm zum Beispill, fir déi gëtt gekuckt, wou se kéinte weider schaffen. 3 verstänneg Decisiounen, géif ech mengen. Bei aller Kritik, déi bleift.

Wéi geet et weider mat der Caritas selwer? Déi Äntwert kritt een net vum Premier. Do si mer nees beim Verwaltungsrot. Am RTL-Interview wosst virun enger décker Woch eng zimmlech geschockten an iwwerfuerdert Presidentin Marie-Josée Jacobs op déi meeschte Froe keng Äntwert. Anerer am Verwaltungsrot kënnen hir do hoffentlech ënnert d’Äerm gräifen. D’Roll vun den zwou Lëtzebuerger Banken, déi involvéiert sinn a wou Enquêtë lafen, muss och Prioritéit kréien.

D’Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch, déi wäscht am Dossier Caritas hir Hänn an Onschold. D’Caritas ass de sozialen Aarm vun der Kierch, op d’mannst war se dat emol. Elo wou d’Organisatioun beklaut gouf an iwwer 60 Milliounen Euro verluer huet an net méi ka weider funktionéieren...kënnt vun der Kierch vu sech aus...näischt. Et hätt kee sech bei him gemellt, (hien hätt just eng Email kritt) a souwisou wäre keng Suen do, fir der Caritas ze hëllefen, sot am RTL-Interview de Kardinol Jean-Claude Hollerech. D’Kierch misst och responsabel kucken, datt se iwwer d’Ronne kënnt. Kuerz éier de Poopst op Lëtzebuerg komm ass, goufen dann awer nach 310'000 Euro zesumme gekraazt fir de Südsudan.

A propos Poopst....deen hat bei senger Visitt vun der Kathoulescher Kierch e Kaddo kritt. 176'000 Euro hat d’Kierch vun de Gleewegen hei am Land gesammelt fir déi karitativ Zwecker vum Poopst zu Roum. De Poopst huet awer dee Kaddo net ugeholl an huet d’Suen hei am Land gelooss. De Poopst sot an der Kathedral – spontan op Italieenesch – a fräi iwwersat: Seng Täsche wäre voll. Hie géif d’Sue fir d’Caritas hei ginn, fir d’Migranten. Datt de Poopst domadder explizit d’Organisatioun «Caritas» gemengt huet, dat mengt d’Kierch net. Wéi kéint een dat och mengen? Kee weess et, ausser de Poopst selwer. Mä e Besoin fir déi chrëschtlech Nächsteléift hei am Land huet de Poopst awer egal wéi erkannt.

Back to Top
CIM LOGO